Den Numm Camille Sutor seet vläit net jidderengem eppes. Am Mëllerdall a bei de Leit, déi sech mat der Nazi-Besetzung vum Land a mat der Résistance auskennen, ass hien e Begrëff an et gëtt och a grad iwwer säi brutalen Dout duerch d’Gestapo e puer Publicatiounen. Mä elo en neit Buch. De pensionéierte Proff an Historiker André Grosbusch (en engagéierten Avortements-Géigner, mä dat huet näischt mat dësem Buch ze dinn) huet et geschriwwen, Camille Sutor – Lion de la Résistance / Löwe des Widerstandes. Net ee vu villen heescht et. Den Toun ass mam Titel gesat, an d’Couverture vum Buch ass och op där Linn: schwaarze Fong mat enger Portraits-Foto a vill rout a wäiss a blo Buschtawen. DIN-A4, hardccover, exzellente Pabeier, en interessant Buch, och well et e Billerbuch ass mat ville bis elo onbekannte Fotoen. A mat Faksimileë vun Dokumenter, wou lëtzebuergesch, amerikanesch a brittesch Autoritéiten dem Camille Sutor post mortem Merci soen, datt a wéi hie fir d’Fräiheet gekämpft huet. An eng weider Spezialitéit: D’Buch huet zwar eng 170 Säiten, mee ze liese brauch een der just 85, well den Text ass opgedeelt, riets dat franséischt Original, lénks déi däitsch Iwwersetzung. Déi interessant Foussnotten siefen och ernimmt, wichteg fir wien sech weider mat der Résistance beschäftege wëll.
Et ass e Buch, dat entstan ass an deem säi Charme et ass, datt doranner eng Stëmm zu Wuert kënnt, déi bis ewell och Historiker a Spezialisten net héieren haten. De Camille Sutor hat nämlech e Lycées-Frënd, de Robert Lemmer. Deen huet en Tagebuch geschriwwen, do wou et méiglech war, iwwer d’Joren 1939 bis 1947. Dat war en handschrëftlecht Dokument, dat an de Peripetien vu Krich a Besetzung vum Land zum Deel verluer gaang war, mä dat de Robert Lemmer mat Hëllef vu Frënn rekonstruéiert huet. An och ofgetippt huet: 660 Säite sinn et ginn, déi integral net publizéiert sinn. Et gëtt dovunner sechs Exemplairen, déi den Auteur an der Famill verdeelt huet. An de Robert Lemmer wollt am Fong net, datt et sollt publizéiert ginn. Den André Grosbusch krut awer d’Permissioun vun der Famill largement aus deem „journal intime“ ze zitéieren, ze paraphraséieren an ze resüméieren.
Entstan ass carrément d’Biographie vum Camille Sutor, deen aus enger Bauerefamill vun Iermsdref koum. Hie war e Feierkapp, soen se an der Famill, en Dropgänger a vläit e bëssi ze kéng – mä just dat ass jo de Charme vun deem jonke Kärel, dee vun Ufank un an der Résistance war. An dat heescht vun deem Ament un, wou d’Preisen (je pèse mon mot, jojo) d’Land an eben och den Dikricher Kolléisch besat hunn a no hirer Façon ëmfonctionéiere wollten. De brillante Schüler Camille huet d’Première dowéinst net gemaach an huet sech dru gi (mat zwee Frënn, dem Robert Lemmer an dem Arthur Peiffer) fir iwwer Frankräich an England bei d’Alliéiert ze kommen. De Robert Lemmer huet – et ass bal net ze gleewen – ënnerwee och fotograféiert. Et gëtt incroyabel Fotoe vun hinnen am Pétain-Frankreich. Op engem Bild gesinn déi futur Resistenzler aus, wéi wann se sech seriö fir e Kiermes-Bal fei gemaach hätten: endimanchéiert, wäisst Hiem, Krawatt, Costume, Mantel. Maquisardën hat ee sech anescht virgestallt, mä vläit war deen Outfit hier bescht Tarnung.
Eng éischt Tentative 1941 – du war de Camille Sutor grad 20 Joer al – huet net geklappt, et koumen der nach zwou ouni Succès, an dunn ass de Camille Sutor hei am Land an d’Résistance gaang. Hien hat e puer Mol Chance, datt d’Preisen net verstan haten, mat wiem se et do ze dinn haten: zum Beispill mat engem, deen (wéi e puer anerer; en extra Kapitel am Buch) als Mëttelsmann brisant Informatiounen iwwer d’V2 a Peenemünde no England weiderginn huet. Oder dee Passeur war. Oder Refractairen an enger Grott am Mëllerdall verstoppt huet. An deen alliéiert Bommepiloten, déi mam Parachute zu Lëtzebuerg gelant waren, gehollef huet, an d’Belsch ze kommen. A just dat huet hien d’Liewe kascht: Viru genee 80 Joer huet hien zwee Aviateuren a säin Heemechtshaus op Iermsdref bruecht, ass gesinn a verrode ginn, Schéisserei mat der Gestapo, de Camille stierft, erschoss, doheem. De Resümmee hei ass express kuerz, well doriwwer ass vill geschriwwe ginn; dem Camille seng Famill an d’ganzt Duerf hunn dat – contre toute attente – iwwerlieft a waren Zeien.
Den Auteur Grosbusch léisst – mam Robert Lemmer – keen Zweifel opkommen, firwat déi jonk Leit an der Résistance waren; si ware kathoulesch, et kéint een och soe marianesch Patrioten: „Camille, comme ses plus proches amis, portait une dévotion fervente à la Vierge Marie. (…) La Consolatrice des affligés, patronne du Luxembourg, et la dynastie régnante étaient les piliers“ vum Land an absënns och vun den einfachen Duerfleit, schreift hien op den éischte Säite vum Buch. Et ass de bekannte Phänomen bei de jonke Leit vun deemools, datt sech dräi Fraen – Muttergottes, Groussherzogin an déi perséinlech Mamm – an de Gefiller vun de Jonge vermëschen. Eppes wat een haut, by the way, nach an der Stad ka gesinn, wou eng Fraen-Trinitéit, d’Gëlle Fra, d’Maria an d’Heeschefra (am Fong dräi Consolatrixen), de Büro vum Premier encadréieren.
Och op de leschte Säite vun dësem Résistance-Buch ass dat den ultime Message: Dräi Fotoe weisen déi Plaz am Mëllerdall, wou aus „la cache des réfractaires à Siwwebach“, also aus enger amenagéierter Stopp am Fiels, eng Lourdes-Marie-Grott gemaach ginn ass mat der üblecher wäiss-blo gekleeter Muttergottes. Hannert där e Schëld hänkt mam Sproch: Trei der Mamm/Trei der Heemecht.