En Exkurs à la sauvette bei de Cartier-Bresson

d'Lëtzebuerger Land du 30.08.2024

Et war 1981, zu Berlin. Do hat ech mäi Cartier-Bresson-Ament. An ech wosst et net.

Dat koum esou: ech wollt eng Foto maache vun engem Graffiti. Do stoung KRIEGSTANZ gesprayt un enger wäis-
ser Mauer. A wat hunn ech gemaach? Ech hu gewaart, bis ech Leit am Bild hat, also Leit, déi danze géifen, nu jee.

A wéi déi eng Madame dunn op mech duer komm ass, hunn ech séier fotograféiert.

Klack huet de Spigel vu menger Minolta gemaach. An d’Madame huet mech vernannt: da haste n schönes Objekt, was, Junge, huet si gebaupst, richteg rosen, an ass weidergaang. An ech duecht, si huet jo recht.

Ofgesi vun der miseraabler Amateursqualitéit vu menger Foto hat ech e puer Critère vum faméisen Henri Cartier-Bresson applizéiert: ech hat eppes gesinn, wat interessant war; et war op der Strooss; eppes Schrëftleches war am Bild; an ech hat – vermeintlech – op der richtegen Ament gewaart fir ze fotograféieren; an – dat ass mer elo eréischt opgaang, wéi ech dem Cartier-Bresson seng Fotoen am Bucerius Kunst Forum gesinn hunn – ech hat e Mënsch mat op d’Foto geholl.

Well soen: dem Cartier-Bresson seng Manéier, seng Fotografie-Art a Weis ass esou fotografescht Allgemeingut ginn, datt ech – ouni et ze wëssen – versicht hat, se ze applizéieren.

Den Henri Cartier-Bresson war e Joerhonnertmënsch, ganz 20. Joerhonnert. Hien ass 1908 gebuer an enger räicher Textilfamill a gestuerwen 2004. An deene bal 100 Joer war hien iwwerall: virop zu Paräis, bei de Surrealisten, duerno am Biergerkrich a Spuenien, duerno däitsch Krichsge-
faangenschaft (säin drëtte Fluchtversuch war dee gudden), du Résistance, du Kommunist, duerno Reportage-Reesen uertert d’Welt: Indien (wou hien d’Incineratioun vum Gandhi fotograféiert huet), China, UdSSR, Kuba, USA, Mexiko, Berliner Mauer, Mai 68. A vun iwwerall gëtt et Fotoen. Zwee Joer nom Krich ass hie Cofondateur vun der Agence Magnum Photos. A seng Fotoe gi weltwäit publizéiert, amerikanesch, franséisch, däitsch Zeitungen a Revuen, dorënner déi bescht an och méi scabreuser (e puer Couverturen si mat ausgestallt!).

An dëser Retrospektiv sinn 245 Fotoen aus deem Aarbechtsliewen ze gesinn, well soen: wann een nëmmen eng Minutt viru jidder Foto steet, dann huet ee fir véier Stonnen.

A jidder Foto ass schwaarz/wäiss, wat een awer eréischt esou richteg mierkt, wann een erëm dobaussen an der faarweger Welt ass. Dobanne feelt engem d’Faarf iwwerhaapt net.

Wat vläit am meeschte frappéiert an dëser Ausstellung: op bal alle Fotoen si Leit drop, Kanner, Fraen, Männer – a grad d’Männer komme schlecht ewech. Si gesinn zum dacksten domm, uniforméiert oder carrement mafiéis aus, notamment déi, di bei engem Yankee-Stadium-American-Football-Spill – Hiem, Krawatt, Hutt hunn se allen dräi un – vun uewen erof (vun ënnen erop fotograféiert) kritesch op den Terrain kucken, 1947. E bëssen déiselwecht Mimik, ouni Hutt allerdéngs, bei dräi Tippen, déi enger feministescher Demo nokucken 1971, och zu New York.

Mënschen iwwerall Mënschen, oh, net déi dichteg a wichteg. Déi si fir de Cartier-Bresson meeschtens nëmmen d’Ursaach op der Platz ze sinn, wou eppes lass ass. Ugefaang 1937 mat der Kréinung vum Georges VI. zu London, wou hien eben net déi Offiziell fotograféiert, mä déi ganz normal – mä wat heescht schonn normal – Leit, déi do sti fir ze kucken, an ze schlofen, an ze iessen an de Brëll oder d’Spektiv ze riichten. Oder – nom Krich – wéi hie mam de Gaulle duerch Südfrankräich fiert an ebe vill manner de Generol, mä déi eeler Fraen a Männer fotograféiert, déi de Grousse Charel skeptesch, kritesch, e puer och begeeschtert kucke komm sinn. Oder – do gëtt den Titel vun der relativ banaler Foto wichteg – d’Bild vu jonke Leit, déi sech e schéinen Nomëtten um Bord vun engem Floss maachen, premiers congés payés, eng sozial Victoire 1936 deemools vum Front Populaire.

De Cartier-Bresson fotograféiert d’Mënsche meeschtens carrement vu vir, si kucken dacks riicht an d’Leica, schéi Portraiten an de verschiddenste Situatiounen. An heiansdo denkt een, do ass emol e Bild ouni Leit, grafesch staark, interessant Spill mat Liicht a Schied, Haiser am Süden. An da gesäit een et op eemol dat klengt Meedchen, wat am fantastesch ausgeliichten Hannerhaff an engem klenge Liicht-Véiereck spréngt, Rom, 1959, steet do. Grad an Italien an a Spuenie mécht de Cartier-Bresson där Fotoen,vun deenen aus d’Mënschen direkt bei sei berüümte Programm féieren. L’instant décisif, wou de Fotograf observéiert, wou d’Conditioune gutt sinn a wou dat Interessant geschitt, deen Ament soll d’Foto gemaach ginn, Beweegung am ideale Moment erfaasst. Zum Beispill op der Foto aus dem Joer 1932, wou de Mann iwwer e Pull spréngt, hien hänkt an der Loft, sei Spigelbild ass am Waasser, e schwieft. Déi ikonesch Foto gesäit een elo am Original zu Hamburg. Oder déi Fotoserie, wou am Mee 1945 eng Nazikollaborateurin vun engem Affer entlarvt a gebeetscht gëtt, eng Serie vu siwe Fotoen, jidder Ament ass decisiv. A mat deem Constat ass een an enger spezieller Problematik: wie mécht de Choix? Wéi ass mat de Negativen ëmgaang ginn? Froen, déi ech mer spontan gestallt hunn, wéi ech dem Cartier-Bresson seng Fotoen aus dem vun de Nazien zerstéierten Duerf Oradour-sur-Glane gesinn hunn. Konkret: an dëser Ausstellung hänkt dës Foto: op der eideler Strooss e Mann an eng Fra, déi am November 1944 verstéiert duerch Oradour ginn, hien mat Beret, Prabbeli, Stiwwelen; si mat mam Prabbeli ënner dem Aarm, Fischi um Kapp, am Hannergrond d’Ruine vun den Haiser. Ech hu mech gefrot, wat de Cartier-Bresson do wuel nach fotograféiert huet a war frou, an der Expo eppes ze gesinn, wat ech fir d’Kontaktoofzich vun de Negative gehalen hunn, Ruinen, aner verstéiert Leit. 39 butzeg Fotoen, dans le désordre duerchnummeréiert. An et ass d’Fro: wien huet decidéiert, wat wéini géif publizéiert ginn? Keng niewesächlech Fro. Well am Katalog kann ee liesen, datt de Cartier-Bresson ni an der Dunkelkammer geschafft huet, déi deemools extrem wichteg Aarbecht hunn aner Leit fir hie gemaach. An haut ginn seng Fotoen ongeschnidden gewisen, mä an de mat ausgestallten Zeitungen a Revuë gesäit een, datt d’Bildredakteren an d’Grafiker séier wuel d’Fotoen esou cadréiert hunn, wéi si se fir hiert Format oder hier Zwecker wollten. A méi nach: am Katalog steet, de Cartier-Bresson wier heiansdo op Reportage-Rees gaang an hat am Gepäck extrem prezisen Uerderen, wat e fotograféiere sollt, zum Beispill a China 1948, wou hien normal Leit a banale Situatioune fotograféiere sollt. Den decisiven Ament waren an deem Reporter-Liewen net ëmmer Tromp.

Wat net verhënnert, datt an dëser Ausstellung bal nëmme Meeschterwierker gewise ginn, Ikonen, bekannter an zu Onrecht manner bekannter.

An iwwer allem ëmmer den decisive moment. Esou ass dem Cartier-Bresson seng faméis Approche op Amerikanesch berüümt ginn. Op Franséisch huet 1952 sei Buch Images à la sauvette geheescht, c’est à dire: séier an e bëssen heemlech fotograféiert an da fort. Eng ganz aner Nuance. Et stellt een sech jo – Cliché – de Cartier-Bresson als bal meditative Beobachter vir, deen op eemol fotograféiert. Just, just datt am Katalog steet, hie wier duerch d’Stroosse vun New York gelaaf an hätt ganz opgereegt mat véier Leicaen hantéiert.

An et sicht een e bëssi no Biller, wou emol e Geknipste rose kucke géif. Esou eppes gëtt et bal ni, déi meescht Leit kucke frëndlech oder indifferent an d’Leica. Just eng Fra, 1972 zu Venedeg, vun hanne fotograféiert, kuckt queesch iwwer d’Schëller zeréck an dem Cartier-Bresson säin Objektiv. Ob si den indiskrete Fotograf vernannt huet, gëtt een net gewuer.

Esou ass dat an dëser Ausstellung: ganz vill, bal ze vill Schéines an Interessantes ze gesinn. An et géif een trotzdeem nach gär méi wëssen a gesinn.

D’ Ausstellung zu Hamburg dauert nach bis den
22. September an ass vun Oktober bis an de Januar 2025
zu Barcelona ze gesinn.

nico graf
© 2024 d’Lëtzebuerger Land