Dem Roland Meyer säin neie Roman Um Horizont

De Kaméidi vun der Zäit

d'Lëtzebuerger Land vom 09.01.2026

D’sozial Ongerechtegkeet, ee vun den Haapttheme vum Roland Meyer sengem Roman Um Horizont (Op der Lay), geet domat un, dass d’Sam zu Bleialf wunnt – eent vun deene Koudierfer an der Eifel, an déi d’Lëtzebuerger sech wéinst den onbezuelbaren Immobilie an hirem eegene Land exiléiert hunn. Bleialf ass quasi eng Metonymie vum Sam senger Frëndschaft mam Laurie: Do, wou d’Laurie alles an d’Wéi geluecht krut a just mam Fanger muss schnipsen, fir den nächsten Optrag ze kréien, hält d’Sam sech mat klenge Jobs an der Filmindustrie iwwer Waasser – a wunnt ze wäit vum Schlag, fir säi Reseau an der Branche ze fleegen.

Am meeschten huet hir Frëndschaft ënnert dësem neoliberalen Desequiliber gelidden, wéi et d’Laurie war, dat den Documentaire iwwert d’Lëtzebuerger Presenz am Kongo huet dierfe realiséieren, obwuel d’Sam eng méi grouss Legitimitéit hat, dee Film ze dréinen: Dem Sam seng Famill kënnt aus dem Kongo an hatt selwer ass schwaarz – eppes, wat de Roland Meyer sech relativ schwéier deet, dem Lieser subtil matzedeelen: Hie street d’Indizien zur Hautfaarf vu senger homodiegetescher Erzielfigur och dann nach weider, wann den hallefweegs clevere Lieser et längst geschnallt huet.

Eng Zäitchen duerno ass Gras iwwert d’Saach gewuess, dem Laurie säi Film war trotz enger euphorescher Kritik – den Artikel hat eng Schoulfrëndin vum Laurie geschriwwen – kee groussen Erfolleg, an d’Sam ass an enger Residenz zu Salem, wou et d’Liewe vun engem jiddesche Philanthrop an engem hagiografeschen Documentaire soll veréiwegen. Do léiert hatt de charmante Shawn kennen, mierkt dann awer, dass d’Famill hire Räichtum op der Versklavung vu schwaarzen opgebaut huet an dass hatt just aus Grënn vu positiver Diskriminatioun an déi Residenz geschéckt gouf: Wann eng schwaarz Realisatrice de Film dréint, kann d’Ausbeutung vum Charly Rosenthal jo net esou wëll gewiescht sinn.

Dat erkläert wuel, wisou d’Sam sech wärend der Residenz manner mam Documentaire wéi mat engem Fait Divers beschäftegt, deen et eigentlech wéilt verfilmen, géif de Léon vu Beaver Head Productions him dann d’gréng Luucht dofir ginn: Ee mental kranke Schwäizer soll d’Maria, eng italieenesch Enseig-
nante, an d’Aline, eng franséisch Touriste-Guide, brutal erschoss hunn – a behaapt, esou bal en aus dem Prisong géif kommen, géif en sech och d’Lëtzebuergerin Niki Toussaint virknäppen.

D’Niki Toussaint ass dobäi déi zweet Erzielerin vun Um Horizont. Si ass Joffer, obwuel een „dat jo net méi soen dierf“, bekennend Alkoholikerin, lieft getrennt vum Jeff, deen am Roman ëmmer just als hire „gudde Mann“ bezeechent gëtt an deen no enger kuerzer journalistescher Etapp als Geschichtsproff an Hobbyjeeër täteg ass. Hir Alkoholsucht huet si no eegener Ausso vun enger Vakanz zu Roum, quasi als Souvenir also, mat heem bruecht, obwuel hir Jugend an enger Punkband och scho vun engem Wëllen zur Selbstzerstéierung mathëllef vum Alkohol gezeechent war.

Um Ufank vun hirer Erzielung entscheet si, op Roum zréck ze kéieren – ma net, fir hir Sucht do ze exorzéieren, mä fir ee Sproochecours ze beleeën a sech gläichzäiteg konsequent all Dag eng unzestrécken. Deen Dagesrhythmus gëtt allerdéngs duerch eng Rei Begéinunge gestéiert, a wéi all déi aner Schüler aus dem Maria sengem Italieeneschcours ewech falen, fänkt tëscht dem Niki a senger Enseignante eng zweedeiteg Frëndschaft un, déi di zwou Fraen op ee Roadtrip mat fatalem Ausgang féiert.

Dat Material ass et dann och, dat d’Sam an d’Laurie zesumme sollen zu engem Film gestalten – fir d’éischt soll et en Documentaire ginn, duerno eng Metafiktioun, déi d’Onméiglechkeet vun enger eenzeger Wourecht illustréiert an déi Oxymoron heesche wäert, wuel och, well déi zwou Fraen hannert dem Projet net méi géigesätzlech kéinte sinn.

No enger Rei vu Fiktioune fir Jonker (Telmo, Monster Malya, Leandro) an engem gelongenen nostalgesche Roman iwwert eng Lëtzebuerger Kandheet an de 70er (Glous), kéiert de Roland Meyer zréck zu dem méi ambitiéise Volet vu senger schrëftstellerescher Karriär a fiert e bëssen do weider, wou e mam däitschsproochege Wenn immer alles so einfach wäre opgehalen huet.

Um Horizont hëlt de Lieser mat op eng Rees, vu Bleialf op Salem, vu Roum an d’Provence, vu Locarno an d’Stad. Den Auteur huet dobäi allerdéngs eng thematesch Wallis gepaakt, déi der Recommandatioun vun der SNCF, et soll ee liicht reesen, widdersprécht. Als gutt Lëtzebuerger si seng Figuren awer souwisou mam Mini ënnerwee, esou dass dat schwéiert Gepäck bequeem an der Mall läit an den Auteur bei all Tëschestopp kann auspake, wat grad um Dagesmenü vun engem Meta-Krimi steet, deen hien als postmodern wéilt gesinn, a Wierklechkeet awer méi den epistemologesche Froe vun de Modernisten nogeet – wat sech gutt trefft, schliisslech huet de William Faulkner, Meeschter vum Roman mat widderspréchlechen Erzielperspektiven, och zerguttstert gesoff.

Rassismus, Feminismus, Kolonialismus, Klassimus, Neoliberalismus, Postkolonialismus, Alkoholismus, Postmodernismus, Tokenismus, toxesch Männlechkeet, d’Manosphere – Um Horizont liest sech e bëssen esou, wéi wann de Roland Meyer net just hätt wéilten all méiglech -ismen vun eiser Zäit an een Dëppe schmäissen, ma wéi wann en och alles wéilt maachen, fir vu senger eegener Persoun – där vun der Liiblingszilscheif vun der Intelligentsia, dem ale wäisse Mann, gefillt responsabel fir all Iwwel an der Welt – ofzelenken.

An Zäiten, an deene jidderee just iwwert säin eegenen Nuebel schreift, ass dat a priori eng gutt Saach, géif et eben net esou wierken, wéi wann den Auteur hei all, awer och wierklech all zur Zäit relevant Thema op ee Béierdeckel notéiert a se no an no ausgestrach hätt. Hei hu mer zwar net, wéi am berüümte Spréchwuert, ze vill Käch, ma éischter ee Kach, deen ze vill Zutaten a säi Rezept pucht.

Déi psychologesch Mechanismen, mat deenen de Meyer seng Figure begräife wëll, sinn oft ze schablounenhaft, d’Strécher, mat deenen hien seng Figuren zeechent, ze graff: Esou suggeréiert hien, dass dem Sam säi soziale Rejet an de (strukturelle wéi och explizitte) Rassismus, deen et erdroe muss, fir seng (relativ nerveg) Onsécherheete responsabel sinn, déi him am Liewen dauernd am Wee stinn an et och net wierklech evoluéieren dinn. Bei der Niki gëtt de Lien tëscht der Ofhängegkeet an der sexueller Blockad och wéineg subtil zu dem Viol duerch de Stéifpapp an de Suicide vum Papp gestréckt. Dass esou Faktore matspillen, ass evident, beim Roland Meyer wierkt et allerdéngs esou, wéi wann seng Figuren eenzeg an eleng d’Resultat vun e puer traumatesche Schlësselmomenter wieren an duerno all Entwécklung a Liewenserfarung net gegraff oder esou guer net existéiert hätten: Well et dem Meyer méi em déi grouss Theme geet, wéi em seng Figuren, affert hien d’Glafwierdegkeet an d’Plastizitéit vu senge (weiblechen, schwaarze) Figuren um Altor vun de groussen Ongerechtegkeeten, déi en hei wëll thematiséieren – an zeechent ee Psychogramm, wéi ee Malen-nach-Zahlen-Bild.

Relativ opgesat sinn och déi éiweg Diskussiounen iwwer Wourecht, Fiktioun a Konscht, déi, Metaroman oblige, hei net dierfe feelen: Schliisslech geet et dorëms, wéi zwou jonk Frae versichen, déi onzouverlässeg Temoignagen an engem Mordfall zu engem spannende Film ze verschaffen. D’Diskussiounen iwwert de Besoin no enger wirtschaftlecher Rentabilitéit vun hirem Film sinn net ganz glafwierdeg, well d’Sam an d’Laurie ganz konkret um Terrain vun der Lëtzebuerger Filmindustrie operéieren – de Film Fund gëtt e puermol erwäänt, meeschtens op eng ironesch Manéier – a Lëtzebuerger Produktiounen eigentlech net wierklech vu Publikumsentrée liewen.

Am Labyrinth, dat de Meyer usprochsvoll aus der Erzielung vum Sam, den Notize vun der Niki, der Konfessioun vum Manuel an e puer Fragmenter vum Dréibuch konzipéiert, verléiert sech den Auteur leider och selwer: Um 27. Juni, wou d’Laurie an d’Niki am Gotthard-Tunnel stiechen, sinn si gläichzäiteg, wéi eis den Ufank vum Roman et matdeelt, och mam Shawn a mam Léon zu Bleialf, an et weess een net, op den Decalage vun engem Dag hei mat engem onpräzise Lektorat ze erkläre soll sinn, ob et eng Synecdoche fir d’Onzouverlässegkeet vun all den Erzielunge soll sinn, oder ob de Meyer hei och nach d’Quantephysik erbäi wollt beméien, fir säi Roman dann awer nach an d’Ontologie vun der Postmoderne ze zéien.

Um Ufank vum Roman seet de Léon, dass vun zéng Filmprojeten der oft just een oder zwee ëmgesat ginn – déi aner verlafen „am Kaméidi vun der Zäit“. Am Géigesaz zum Film iwwert de Kongo froen sech weder d’Sam, nach de Léon, nach d’Laurie, wisou si Oxymoron eigentlech wëllen dréinen, ofgesi vun de relativ banaler Begrënnung, „crime and sex always sells well“ [sic] an dass de Film opdeckt, wéi vill d’Leit d’Wourecht verdréinen. Genee do läit de Problem bei Um Horizont: Trotz de wansinneg urgenten Themen, déi de Roland Meyer hei sträift, spiert een zu kengem Zäitpunkt iergend eng Urgence, dass dëse Roman hätt misse geschriwwe ginn. Um Enn gëtt Oxymoron zwar realiséiert, esou wéi Um Horizont och geschriwwen a verëffentlecht gouf – ma amplaz ee Kommentar iwwert de Kaméidi vun eiser Zäit ze sinn, ginn esouwuel de Film, vun deem sengem Dréibuch mer just e puer relativ banal Säiten ze liese kréien, wéi och dem Meyer säi Roman zum Film am Kaméidi vun eiser Zäit ënner. 

Jeff Schinker
© 2026 d’Lëtzebuerger Land