Rezept fir en erfollegräiche Roman an der Kategorie Young Adult

Lëtzebuerg, du wäerts mer (net) feelen

d'Lëtzebuerger Land vom 12.12.2025

Zutaten

Ee staarken Haaptpersonnage, geplot vun den éiwegen Onsécherheeten, déi jonk Mënschen eben zanter ëmmer pisaken an déi am Zäitalter vun TikTok a Co héchstens nach méi eng Laascht gi sinn – Léift, Frëndschaft, Onzefriddenheet mam eegene Kierper oder mam eegene Gehier, de Wonsch, esou ze si wéi déi aner, déi ëmmer eng Grëtz méi cool sinn.

Véier bis fënnef Frënn, déi zesummen ee Kaleidoskop vun engem diverse Mikrokosmos erginn, esou dass méiglechst vill Lieser:inne sech mat méiglechst ville Figure kënnen identifizéieren.

Ee Grapp Niewefiguren, déi dat Bild vun enger diverser Fiktioun renforcéieren. Wann de Roman vun enger wäisser Cis-Persoun gekacht soll ginn, ass et ëmsou méi wichteg, esou vill wéi méiglech queer Figuren oder Personnage mat Migratiounshannergrond ze hunn.

Eng Rei Erausfuerderungen, déi d’Haaptfigur nëmme mathëllef vun hire Frënn ka léisen, fir ze weisen, dass et ouni Frëndschaft net geet. Klassesch Zutate kann ee sech hei schéin intertextuell aus der Literaturgeschicht, am beschten aus der Kategorie Bildungsroman, huelen: onerfëllte Léift, eng anxiogène Groussstad, sexuell Desorientéierung, berufflech Ambitiounen, d’Sich no engem Sënn an enger (opgepasst: Camus) sënnloser Existenz.

Ee Feind, deen d’Haaptfigur dorun hënnert, hiert Zil ze erreechen – an der méi psychologescher Ausleeung vun alen narrative Schemae kann de Feind och d’Figur selwer sinn, déi mat jugendlechen Onsécherheeten ze kämpfen huet. Lëscht vu gudde Feindbiller: d’Elteren, een domme Stéifpapp, eekleg Klassekomeroden, ee ruppege Proff, e potenzielle Partner, deen arrogant wierkt (ma zanter Pride and Prejudice wësse mer, dass Mënschen oft ee gudde Grond hunn, sech esou ze ginn).

Eng exotesch Plaz oder eng ongewinnte Situatioun.

Preparatioun vum Plat

D’staark Haaptfigur an d’ongewinnte Situatioun/Plaz era versetzen. Se kuerz do eleng mautsche loossen, an hirer Onsécherheet, am beschten awer direkt um Ufank e bësse Luucht an Hoffnung streeën – awer net méi wéi zwou, dräi Säiten. No an no nei Niewefigure derbäi schëdden. Den narrativen Deeg esou laang knieden, bis d’Haaptfigur lues a lues opdeet. Den Deeg kuerz an den Uewe vun der erzielerescher Stabilitéit stellen. Aus dem Uewen eraushuelen a kucken, wéi d’Figure sech vermëschen. Reegelméisseg am Banneliewe vun der Haaptfigur réieren, dann d’Glasur vun neien Erausfuerderungen derbäi ginn. Wann de romaneske Kuch bal fäerdeg ass, eemol gutt mat der Fauscht draschloen, e bësse wéi ee Kand, dat duerch eng Sandbuerg trëppelt (hei si mer beim Drama, deen am drëtten Akt nach eemol uerdentlech d’Kaarten duerchmécht). Fir aus de Ruinen dann nach eppes ze gestalten, wat net just schmaacht, ma och nach gutt ausgesäit, déi bis elo manner benotzten Niewefiguren aus dem Hutt zauberen, hinnen de moralesche Kompass an de Grapp drécken, deen d’Figur aus der Donkelheet an d’Liicht féiert. Mat engem Happy-End zéckeren. Wotlech zerwéieren.

Fallbeispill:
Alive vun der Anja Di Bartolomeo

Am Vladimir Propp senger Morphologie du conte russe huet de russesche Formalist aus engem grousse Repertoire eng ganz Rei vun narrative Krittären eraus kristalliséiert, déi et him erlaabt hunn, ee Genre – dee vum Märchen – ze theoretiséieren an esou eng Rei Invarianten eraus ze schaffen. Kaum een anere Genre wéi dee vum Young Adult schéngt sech fir eng änlech narratologesch Analyse ze eegenen. Et ass deemno wuel keen Zoufall, dass an der Anja Di Bartolomeo hirem neie Roman Alive zwee Kachrezepter reproduzéiert sinn, wéi wann d’Autorin wéilt eng Mise en abyme vun hirem Artisanat abauen. Alive ass nämlech ee Young Adult Roman, dee villes, wann och net alles, richteg mécht – ee Rezept, wat bal ganz opgeet.

D’Liv, dat verschidde Lieser wuel nach aus Koma21 kennen, ass keng 17 méi, ma huet der 20 kritt. D’Pandemie ass iwwerlieft, d’Teenage-Krisen och, an d’Mamm nervt zwar nach ëmmer gewalteg, ma esou lues versteet d’Liv, dass si et u sech just gutt mengt. Dass d’Beaux-Arts zu Paräis hatt ugeholl hunn, misst eigentlech eng gutt Nouvelle sinn, ma esou wuel d’Liv wéi och d’Mamm gesi Paräis als eng relativ knaschteg Stad, déi zanter Emily in Paris just esou vun Netflix-Touriste wimmelt, déi sech vun der Haaptstad erwaarden, dass se sech un d’Ästhetik vun der Serie upasst. Dobäi kënnt déi schmäerzhaft Trennung vun de beschte Schoulkolleegen, dem Philippe an dem Lou, déi et op Heidelberg an Neapel verschléit. Well de Cosmo säin Zëmmer a senger Paräisser WG fräigëtt, ass den Immobilieproblem scho mol geléist, dee materielle Problem gëtt et, Lëtzebuerg oblige, och net. Dofir kann et sech da voll a ganz op seng emotional Problemer konzentréieren: Wisou ass et direkt vum Val, säin Zuchnoper op der Hirees am TGV, faszinéiert? Wat huet et mam drëtte Matbewunner, deen nieft der ganz extrovertéierter Schauspillerin Elo an dem Cupcake deen, wéi säi Spëtznumm et onschwéier verréit, de léiwe laangen Dag mam Bake verbréngt, op sech? Ass hie wierklech, wéi déi aner et mengen, ee Creep, dee sech beim Abroch vun der Nuecht dovu mécht a moies nees zeréck an d’Wunneng schläicht, oder verstoppt sech eppes méi Zerbriechleches hannert dem François? A wéi packt d’Liv et, matten an den talentéierte Matschüler op de Beaux-Arts erauszestiechen, wou de Beau-
marchand dach just Ae fir d’Toile vum begaabte Miyu ze hu schéngt?

Wärend d’Liv lues a lues erausfënnt, dass Paräis awer méi wéi just ee sténkegt Ratelach ass, deem seng Trottoire mat Hondsschäiss gepléischtert sinn – eng Konzeptioun, déi déif am der Lëtzebuerger Frankophobie verwuerzelt ass – verwandelt sech seng eegen Existenz ëmmer méi an déi vun enger Netflix-Serie fir Jugendlecher.

Der Anja Di Bartolomeo geléngt et mat Alive op eng oft touchant Manéier, d’Onsécherheeten, awer och d’Opreegung vun der Studentin, déi d’„Cubenhaiser“ an d’Cubeleit aus dem Lëtzebuerger Kaff hannert sech léisst, ze portraitéieren. Si zeechent deen Ament am Liewen, wou alles opsteet a wou alles méi intensiv ass, well et eng Uneneereihung vun éischte Kéieren ass – den dramaturgesche Bou vum Roman huet eng Hellewull u Montéeën an Descenten, well dem Liv säi Liewen ebe méi „Schueberfouer” ass, wéi dat spéiderhin de Fall wäert sinn. Weiderhi sinn d’Niewefiguren méi alive, wéi se dat nach a Koma21 waren. Speziell d’Geschicht vum enigmatesche François beréiert, an och wann d’Figur vum Moussa, dee seng Liewenswäisheeten tëschent Téi a Kichelcher zerwéiert, weess d’Iddi vun dem Appartement als Zort auberge espagnole géint der Enn definitiv ze iwwerzeegen, genee esou, wéi verschidden Trouvaille begeeschteren – dem Liv seng Kommentaren zu senger Mamm hire Whatsapp-Message si spot on, de Sproochecocktail meeschtens och.

Heiansdo liest een awer hannert dem Liv ze vill d’Autorin eraus: Sozial Medien, déi erwäänt ginn, beschränke sech op Facebook, wou haut dach haaptsächlech Pensionnairen an aggressiv Lëtzebuerger Museker erëmtrollen, kee vun de jonke ustriewende Kënschtler, deenen hir
Toilen d’ailleurs immens oninspiréiert wierken, schéngt Instagram ze benotzen, verschidden Ausdréck a Verben, esou gelonge se sinn, kennt een éischter vun den Elteren oder de Grousselteren, wéi dass se aus dem Vokabular vun enger jonker 20-järeger Studentin kommen, esou dass déi formal Mimesis net ëmmer geléngt. Och schéngt kee vun dem Liv a senge Matmënschen sech fir den Zoustand vum Planéit ze interesséieren: Keng vun de Figuren ass ökologesch engagéiert an d’Liv benotzt esou guer de fuerchtbar ökoziden ChatGPT, fir och nëmmen de Sënn vun engem eenzelne Wuert (d’Verb „lambiner“) nozesichen. Speziell am kënschtlereschen Ëmfeld, an deem hatt sech beweegt, wierkt dat net ganz plausibel.

Dat nämmlecht gëllt fir dem Liv säi Museksgoût: Et kann duerchaus sinn, dass Mënschen, déi 2004 gebuer goufen, haaptsächlech Metallica, Oasis an The Verve lauschteren, ma wann deem esou ass, misst de Retro-Goût awer als solchen erwäänt ginn. Hei stousse mer dann op ee vun den Haaptproblemer – well Alive sech net ëmmer entscheede kann, op den Universum vum Roman diffus soll bleiwen, fir der Erzielung eng méi grouss Universalitéit an domat méi Identifikatiounsméiglechkeeten ze ginn, oder op déi Konture konkret sollen ausgemoolt ginn, pendelt de Roman plazeweis ze vill tëscht Skizz a fäerdeger Toile.

Am beschten illustréiert dat sech un der Duerstellung vun der Stad Paräis, vun där een heiansdo den Androck kritt, si wier just eng e bëssen austauschbar Kuliss. Wann d’Liv ukënnt a mam schwéiere Gepäck duerch de Metro an d’Stroosse vu Paräis bëselt, hätt ee gär gewousst, wou genee hatt lieft – dat hätt der Schrëftstellerin och e puer schwéier Inkohärenzen evitéiert. Esou gi mer op der Säit 90 gewuer, wou de Val hatt mat an de Parc des Buttes-Chaumont schleeft, dass d’Liv nach ni am 19. Arrondissement war, just fir dass hatt eis op der Säit 164 verréit, dass et am ... 19. lieft.

Dat wierkt wéi en Detail, ma eng Fiktiounswelt lieft vun Detailer – eng gelieften Erfarung, speziell déi vun engem sensibelen Teenager, fënnt net an engem ontologesch vagen Espace statt. Wien dovun, a vun dem fir d’éditions Guy Binsfeld an dëser Rentrée leider kohärent onpräzise Lektorat (ze oft feele ganz Wierder) ofgesäit, kritt een touchante Feel-Good-Young-Adult-Roman op Lëtzebuergesch.

Jeff Schinker
© 2026 d’Lëtzebuerger Land