LTZBG heescht dem Samuel Hamen säin neie Geschichtsband, a wie gemengt hätt, nom Georges Perec senger Disparition hätt de Lëtzebuerger Auteur elo wéi eng Zort literareschen David Copperfield (e bësse méi wéi) all d’Vokaler aus sengen Texter gezaubert, wien also wärend dem Dechiffréiere vum Titel op d’Iddi koum, nom Tomas Bjørnstad sengem Lipogramm (Die Verlorenen, 2024) wieren d’Éditions Guy Binsfeld elo definitiv zur Heemecht vun enger neier Schoul vu Lëtzebuerger Avant-Garde-Auteuren ginn, déi sech un der Praxis vum Oulipo inspiréieren, gëtt scho beim Ënnertitel enges Bessere beléiert: An enger Zäit, an där literaresch Polyphonie quasi zu engem Garant vun ästhetescher Qualitéit ginn ass, bitt LTZGB „dräi eestëmmeg Geschichten“ – an deit scho mat dësem Schwéierpunkt op der Eestëmmegkeet doropshin, dass déi dräi Figuren, déi an LTZBG d’Wuert kréien, net just am Land Lëtzebuerg, ma och an hirer eegener Erzielschläif agespaart sinn.
Eestëmmegkeet bedeit hei nämlech: Déi dräi Figuren, déi de Samuel Hamen schwätzen deet, verweigeren (aus ënnerschiddleche Grënn) all Dialog, esou dass jiddwer Manifestatioun vun enger anerer Stëmm ee linguistesche Friemkierper ass, deen net éierens een Dialog opmécht, ma an de jeeweilege Monolog inkorporéiert gëtt – entweder, andeems en déi eege Weltsiicht bestätegt oder well en als Feindbild dénge kann. Hei si mer wäit vun engem Bachthin senger Polyphonie, senger karnavalesker Ëmkéierung: Dem Hamen seng Figure leiden, well si aus der Britt vun der Lëtzebuerger Identitéit net erausfannen, well den Horizont vun de Méiglechkeeten sech mat der Perspektivlosegkeet vum Lëtzebuerger Wuelstand reift, well Identitéit hei just bedeit, dass een identesch mat deem ass, wat dat glat Spigelbild vun engem Lëtzebuerger Narrativ engem zeréck an d’Gladder geheit: „Ech war matzen an der Lëtzebuerger Wierklechkeet. Se war kleng a penibel a bürokratesch, an engems dichteg an iwwerdriwwen a vu Blannheet geschloen. [...] Ech krut et mat der Angscht ze dinn. Well ech mat hir identesch war. Hei war glat näischt méiglech.“
Agespaart an der Erkenntnis, dass se trotz hirem Wonsch no Ausbroch iergendwéi festsetzen, monologéieren sech hei dräi Figuren a Rage: De jonken a wuel bewosst geschlechtslosen „Elterendeel“, dee mat Porte-Bëbee a Contenant vum Porte-Bëbee an engem Koup Rindenmulch am Hollerecher Virgäertche vun enger spiisseger Famill steet an do am léifste wéilt Wuerzele schloen an zum Hieselter ginn, esou laang dëse Prozess vum Wuerzelschloen e géint déi scho bal albdramhaft Existenze géif immuniséieren, déi en observéiere muss.
Den ale Kregéiler, dee senger Roserei iwwert ee Land, dat sech esou séier an esou bestänneg geännert huet, dass en et net méi erëm erkennt, um Internet fräie Laf léisst – als éischt mat negative Bewäertungen op Google, da mat rosene Kommentarer, duerch déi den eeleren Troll net just un dem Guy Rewenig seng angry old men, ma och un dem Noah Baumbach säi vum Ben Stiller gespillte Greenberg erënnert, deen de ganze léiwen Dag soss näischt gemaach huet ewéi Maulbréiwer u Jänni a Männi ze adresséieren.
An déi jonk Entrepreneuse mat hollännesch-portugiseschen Elteren, déi op Rotschlo vun hirem Literaten-Ex een op Kniddele spezialiséierte Foodtruck opgemaach huet, an deem si wéinst engem Schluet festsëtzt an déi vun hirer Isolatioun profitéiert, fir hir Relatioun mat engem toxeschen an arrogante Personnage, deen an der Ambiguitéit vum literareschen Discours eng Legitimitéit fir ee postmodern-ironescht Verhale fënnt, dat zwar um Pabeier elegant a clever kléngt, an der Praxis awer just iergerlech a blaséiert ass, an enger Sproochnoriicht ze exorziséieren: Well hir ganz Bezéiung just ee Monolog vum Literaten-Ex war, deen hien „als Dialog gerëscht“ huet, deet et hir richteg gutt, him ze héieren ze ginn, wéi hie grad net äntwere kann.
No der Sci-Fi-Dystopie Wie die Fliegen, déi 2024 mam Servais-Präis ausgezeechent gouf, kéiert de Samuel Hamen säi schaarfe Bléck zeréck op säin Heemechtsland fir do weider ze fueren, wou Zeeechen, seng lescht Publikatioun bei den éditions Guy Binsfeld, opgehalen hat.
Ma net just feelen hei ebe méi Vokalen, wéi Zeeechen der ze vill hat, och huet sech de Bléck op d’Land verréckelt, si mer net méi bei fragmentaresche Kandheetserënnerungen an der Fro, wat mer dovunner als identitéitsstëftend Momenter fir eis Konstruktioun vun engem Erwuesseneliewe mat eriwwer retten, ma bei dräi desillusiounéierte Figuren, déi sech et op verschiddene Platzen um Spektrum vun der Hoffnungslosegkeet an der Flemm (méi oder manner) bequeem gemaach hunn. Kuerz: Tëscht den haarde Konsonante vu LTZBG feelt den dräi Figure vläicht de Vokal, deen et hinnen erlabe géif, hiren Degoût, ma awer och hir Freed, hir Erliichterung auszedrécken.
De Virgäertchen, d’Buedzëmmer an de Foodtruck ginn allen dräi zu Huis Closen, déi verschidde Kreeser vun der Lëtzebuerger Wuelstandshell ausmaachen, zeechnen esou eng prä-apokalyptesch Topografie vum Grand-Duché – an erënneren deels un ee Beckett-Stéck, wann de Beckett de Pech gehat hätt, als Lëtzebuerger am 21. Joerhonnert missen ze liewen.
Dräi Existenzen, dräi Fragmenter, dräi Sakgaassen, an deenen déi dräi Figuren hire Sproochmotor mam Bensinn vun der Roserei fidderen, well se ausserhalb vun der Sprooch keen Auswee méi wëssen, well se es genuch hu vun all de „mega-mega-Leit, déi net prett sinn, hier Versioun vun deem, wat richteg ass, opzeginn“.
A well si es midd sinn, dass d’ „Versioun vun deem wat richteg ass“ eben ëmmer just déi ass vun de Virgäertecher-Besëtzer, vun de Logistikszentrumbedreiweren, déi Camion-Chauffeuren an aner „Nomade vum Näischt“ a monstruéise Betons-Cube tëschelageren – oder déi vun den Intelloen aus guddem Haus, déi nom Germanistik-Studium am Duerfcafé ëmmer en Tick ze haart iwwert Literatur poteren, well se hoffen, hir intellektuell Superioritéit géif der Serveuse imponéieren.
Dohier kënnt dann och dem Elterendeel seng Roserei iwwert de beschte Frënd, dohier de Versuch, de Kolleeg vum Status vum beschten op dee vum besseren, da vum gudden, da vum just nach okaye Frënd ze deklasséieren, just well deen him op säi Gesouers iwwert seng Weltmiddegkeet mat engem Ursula K. Le Guin-Zitat äntwert, dat sech wéi ee Sproch aus engem Selbstoptiméierungsbuch liest: It doesn’t have to be the way it is.
Well dat net just „Kitsch a Quatsch“ ass – d’Erzielfigur vergësst dobäi awer, dass d’Ursula Le Guin1 pertinent zivilisatoresch Iwwerleeungen iwwert maskulin Narrative verfaasst a versicht huet, sech virzestellen, wéi d’Mënschheet sech Geschichte géif erzielen, wann de Schwéierpunkt net eleng op d’Erzielunge vun de Jeeëren geluecht gi wier –, ma virun allem just vun deene Leit gesot gëtt, fir déi alternativ Welten just als Eskapismus fir Geeks oder Gedankenexperimenter fir Philosophen existéieren, an net vun deenen, déi effektiv eng aner Welt bräichten.
Beim Hamen sengem fir d’Bün konzipéierten Triptychon kritt een heiansdo d’Gefill, dass den Auteur sech e bëssen ze vill zeréckhält, wéi wa seng quasi phenomenologesch Observatiounen géifen zécken, esou bësseg ze sinn, wéi de Kontext et eigentlech gebraucht oder zumindest justifiéiert hätt.
Esou bleift beispillsweis d’Oplëschtung vun all de Kulturevents, fir déi de Kniddeltruck an den Asaz geruff gëtt, iergendwéi ze brav, a wann d’Erzielerin dann iergendwann an engem Befreiungsschlag géint d’Ënnerdréckung vum kulturell branchéierten Ex de ganze Genre vun der Jazzmusek zur Sau mécht, ruddert se nees zeréck a mengt, et géif wansinneg gutt doen, esou ze iwwerdreiwen, wéi wann den Auteur dem Lieser net ganz géif zoutrauen, eng Hyperbole ze erkennen oder en Angscht gehat hätt, zukünftege musikalesche Begleeder vu Liesungssoiréen ze vill op d’Féiss ze trëppelen. Esou wierkt LTZBG plazeweis wéi eng Band, déi net hiert eegent, ma d’Hotelzëmmer vun enger anerer Band zerleet, fir duerno diskret zeréck an hir Suite ze pilgeren an do beim Roomservice eng Pasta ze bestellen.
Nawell bleift Genuch ze dinn dee stäerksten Text vum Band2, dat well Vehement ginn sech ze vill wéi en agreabele Pastiche vun engem Guy-Rewenig-Text liest a well Um Enn sinn, deen ee virun engem knappe Joer am TNL ënnert dem Titel Ech sinn um Enn vun deem, wat ass op enger Bün erliewe konnt3, trotz de ville Schichten, déi sech iwwert d’Erzielung leeën, an trotz den excellente sproochlechen Trouvaillen eng Kritik vum Lëtzebuerger Wuelstand ass, déi sech gutt an de Bibliothéike vu genee deene Leit, déi vun der Kritik viséiert sinn, géif maachen – an déi liicht ze manieréiert ass, fir richteg wéi ze doen.
1 Där hiren Numm den Auteur falsch schreift.
2 Wéi eng clever Band dat och mat de manner gudde Songs op hire Placken mécht, ass dëse Monolog an der Mëtt vum Recueil ënnerbruecht.
3 Wat eventuell am Paratext vum Buch hätt kéinten erwäänt ginn.