Fir dem René Fischbach säi fënneften a leschte Fall muss hien et mat sengen ale Feinde vum Dickweiler Krees ophuelen, kritt mat engem Attentat op d’Eisebunn ze dinn a muss erausfannen, wat et mat engem mysteriéise Journalist, deem seng Läich am Stauséi fonnt gëtt, op sech huet – schliisslech sinn d’Chancen, dass een de Mann, dee virginn hat, ee Guide iwwert d’Lëtzebuerger Schwäiz ze schreiwen, wéinst feelende Präzisiounen a senger touristescher Schreif ëm den Eck wollt bréngen, awer relativ kleng (gewësse fanatiséiert a politiséiert Lokal-Patrioten hunn hiert Onwiesen zu deem Zäitpunkt nach net esou offensichtlech gedriwwen). D’Spuer féiert de Majouer Fischbach, deen zanter 20 Joer bei der Sûreté schafft, bis op Berlin, wou hien sech mat Agente vun der Stasi trefft, déi ëm eventuell eng Hëllef an den Ermëttlunge kéinte sinn – an och wann hien, wéi et de Buchdeckel verréit, säin Driff no jorelaangen Zweiwelen, Kompromësser an Akzeptanz vu Korruptioun nees zeréckfënnt, dreift dës Investigatioun e bis un d’Limitte vu senger Gesondheet – an driwwer ewech.
Dem Jean Schoos seng Fischbach-Serie huet de Meritt, net just eng kuerz Geschicht vun 20 Joer Police a Gendarmerie zu Lëtzebuerg ze ëmräissen, ma ëmmer och déi zäithistoresch Ereegnesser wéi d’Nokrichszäit oder de Kale Krich an dem Personnage seng Investigatiounen ze verstrécken – dat op eng Manéier, an där déi politesch Aktualitéit vun deemools meeschtens net just Tapéit an Decoratioun ass, ma eben och de Figuren hir Handlungen an Ängschte justifiéiert. 1983, also ganzer 20 Joer no sengem éischte Fall, ass de Fischbach net just vun de ville Réckschléi ee liicht batteren an desillusionéierte Majouer, deen alles a sech era gefriess huet – d’Welt ass am Ëmbroch, d’Sowjetunioun e puer Joer virum Fall, d’Arméi spillt nach ëmmer, wéi dat och Joerzéngte spéider a Capitani de Fall wäert sinn, ee gelungent Spill.
Schrëftsteller, déi de leschten Episod vun enger Serie schreiwen an domat eng Figur, déi hinnen iwwert Joren un d’Häerz gewuess ass, déi oft eng Zort Porte-Parole vun hinne selwer ginn ass oder mat där se am Géigendeel an engem Rivalitéits-Verhältnis stinn – ech denken un den Arthur Conan Doyle a säi Sherlock Holmes – loossen an deene Wierker oft Bilanz passéieren. Et geet drëms, de Personnage a säin Universum ze verloossen, him eng lescht Éier ze erweisen, een Ofschloss ze fannen, dee souwuel d’Serie wéi der Figur hir Biographie an enger Zort Synthees opléist. Esou dréit och Attentat de ganze Roman iwwer Spuere vum Enn – dem Enn vun enger politescher Ära, dem Enn vun enger gesellschaftlecher Organisatioun an dem Enn vun enger Figur.
Interessant ass och de melancholesche Grondtoun, dee vu senger Haaptfigur ausgeet a sech am Roman verbreet. Net nëmme gëtt op eng e bësse simpel Manéier suggeréiert, dass gudden a béise Gendaarm (esou den Titel vun der Serie) wéi dem Faust seng faméis béid Séilen an enger Broscht wunnen, ma och gesi mer hei, dass et méi liicht ass, de Pad vun de Ligen an dem Verbriechen anzeschloen, wéi dem Wee vun der Wourecht nozegoen. Gewierzt mat engem Kapitel, dat e bëssen (ze vill) ee Crash-Kurs an ethescher Philosophie wëll sinn a wärend deem de Schoss eis den Augustinus, de Voltaire, de Freud an de Machiavell zerwéiert, weist den Auteur op eng bal tragesch Manéier, dass all Wee an eng Sakgaass féiert, esou bal een a Kontakt mat der Korruptioun komm ass – an dass et d’Verbriechen ass, dat triumphéiert. Bal hätt dat ganzt eppes, vun der Matière hir zumindest, vun den donkele Coen-Bridder-Thrilleren, wier do leider net, tjo, d’Sprooch an, virun allem, hire Gebrauch an den Dialogen.
Esou ugestrengt wéi ustrengend, esou wackeleg wéi en Dësch, deen de Serveur beim beschte Wëllen net caléiert kritt, heiansdo och esou opgesat wéi dat pechegt Laache vun engem schmieregen Autosverkeefer sinn d’Gespréicher, déi d’Personnage féieren an déi sech ëmmer nees wéi eng schlecht Parodie vu Comptoirs-Gesabbels liesen. Vläicht wollt de Jean Schoos hei de lokalen Toun vun de Polizisten, Gendaarmen, SREL-Mataarbechter a Banditten (bei deene verschidden hei opgelëschte Kategorie gëtt et Iwwerschneidungen) afänken an esou mathëllef vu linguistescher Mimesis reproduzéieren, wéi ongehuwwelt den Ëmgank mat der Lëtzebuerger Sprooch bei deene verschiddenen Organismen ass, Fakt ass awer leider, dass déi Gespréicher fuerchtbar onnatierlech an onfräiwëlleg witzeg kléngen, besonnesch, well all zweete Saz mat Adverbe wéi “Do”, “Dunn”, “Elo” an aneren Interjektioune wéi “Majo” ufänkt an déi Widderhuelungen de Rhythmus uerg bremsen. E klengen Extrait gefälleg? “Majo, de Fall [...] ass erleedegt.” “A wat soll dat heeschen?” “Majo [...], ech hunn him eng Kugel an d’Stier geschoss.” “Wat hues du gemaach?” [...] “Déi ass elo gutt vreckt, déi Kommuniste-Sau.” “Mee [...], firwat hues du hien direkt ëmgeluecht, ouni hien ze befroen, hannert wat hien hier ass?” “Dat war mir de Moment egal. Hie soll mir net nospionéieren, dat verdroen ech guer net.” (Tëscht de Crocheten stinn Nimm, déi ze zitéieren der Spannung vum Roman geschuet hätt.)
Dobäi kënnt ee relativ dilettantescht Lektorat, wat eng grouss Unzuel u Komma- a Rechtschreiwungs-Feeler mat sech zitt, esou dass den opmierksame Lieser hei direkt eng duebel Enquête ka féieren – eng op der Säit vum Fischbach géint d’Korruptioun an den diverse Servicer, an eng zweet op der Sich no deem, dee sech hei un der Lëtzebuerger Sprooch vergräift.
Zudeem sinn och verschidden erzieleresch Ofkierzungen immens graff – a Gespréicher gëtt heiansdo ganz séier vun engem Sujet op deen nächste gesprongen, an ee Personnage, dee jorelaang vum schlechte Gewësse geplot war, reagéiert op e banale Kommentar vun engem Kolleeg wéi op eng laang erwaarten Epiphanie. Schlussendlech stéiert och eng gewësse Lethargie an den Ermëttlungen: Verschidden Opnamen vun de kriminellen Aktivitéiten vum Dickweiler Krees lauschtert de Fischbach guer net eréischt, well en no enger Minutt dovun ausgeet, dass do näischt vu Relevanz wäert gesot ginn (wéi wa Verbriecher ëmmer mat groussem Tamtam ukënnege géifen, wat um kriminelle Menu du jour steet). Esou iwwerdréit déi Mentalitéit, déi de Fischbach d’Bengele bei Tromm puchen deet, sech deelweis och op de Stil an d’Struktur vum Roman. Et bleift ee Krimi mat interessanten Usätz, dee säi semantescht Potenzial engem ze laxisteschen Ëmgank mat der Sprooch an der narrativer Kohärenz verschenkt.