E Pafzifismus-Exkurs

Uniformen

d'Lëtzebuerger Land du 29.03.2024

Ech mengen, ech muss dat maachen, seet de Noper, och wann ech dowéinst herno eng Plainte um Hals hunn a bezuele muss. Den Hummer, seet hien, dee leit schonns do, ech muss just lassgoen an et maachen. Hm, sot ech, wat ass dann haut lass?

Majo, seet hien, ech war do iwwer an der Bäckerei, meng Bréidercher kafen, do hunn se déi fein Roggenweck, dowéinst ginn ech dohinner, bal all Dag. An do hu se jo och déi puer Sëtzplatzen, wou een seng Mëtsch a säi Kuch iessen a säi deiere Cappuccino drénke kann, an du soutzen se. Wien? frot ech. Ma déi zwou Uniformen, huet hien geäntwert a nawell gekeimt, zwee Tippen an Tarndrillich soutzen do hiere Kaffi ze drénken, wéi wann dat dat normalst vun der Welt wier, an ech hu mech gewonnert, well ech do eréischt gemierkt hunn, wéi ech mech dru gewinnt hat, datt d’Uniformen hei aus dem Stroossebild verschwonne waren. An elo op eemol schéngen se sech erem ze trauen, militäresch dorëmmer ze laafen. O, hien hat näischt perséinleches géint déi zwee Zaldoten. Dee een war e bessen ze déck, deen aneren lang a gouereg, mä alle béid eben Uniform an iwwerdeems hien, de Noper, seng Weck krut, sinn déi zwee opgestan a sin bei den Auto gaang, deen se virun der Bäckerdier am Parkverbuet stoen haten. Si hunn d’Autosdieren opgemat an hunn emol um Trottoir eng gefëmmt. Jojo esou ass dat, sot de Noper, beim Militär léiert ee fëmmen a saufen. Hien hätt op der Uni e Frënd gehat, sot de Nopper, deen hätt him dat erzielt, wat hätt dee gesoff, wéi e beim Bund war, déi kleng Fläsche Schnaps a Jägermeister waren Tromp an där vill. An d’Fëmmen hätt deen erréischt an der Bundeswehr geléiert, sozialen Drock, quoi. Saufen a fëmmen a stramm stoen a follegen.

Wat dann elo haut esou schlëmm wier, wollt ech wëssen. Majo, datt d’Uniformen erem en public ënnerwee wieren, a senger Bäckerei, dat giff eben weisen, datt d’Zäite sech geännert hätten, dat giff elo wuel erem goen, d’Uniform ze weisen. Et wier ebe Krich.

Huet de Noper de Kapp gerëselt a sot, datt hien dat nach erliewe misst, hien deen ugangs der 80er-Joer als jonke Mënsch dach derbäi wor, wéi se géint de NATO-Doppelbeschluss demonstréiert hunn. Gutt kéint hien sech un eng bestëmmten Demo erënneren, eng pazifistesch Mënschekette sollt et sinn, den Oskar, jo deen aus dem Saarland, deen hat opgeruff, et sollt an Direktioun Bonn goen. Hien, de Noper hat gemengt, den Oskar selwer ze begéinen, deen hätt hien awer ni gesinn. Wat awer war, dat war, datt hien anzwousch an der Eifel mat honnerten anerer op engem Hiwwel stung, wou de Bus-Chauffer se erausgesat hat, keen Oskar wäit a breet, a mat total frieme Leit stung hien do, si hunn sech eng Hand ginn wéi Kanner an der Spillschoul, hunn eng Kette gemaach, e puer haten esou Slogansschëlder mat, do stung drop „Eine Pershing kann dir den ganzen Tag versauen“, esou dees. An elo misst hien sech iwwerleeën, wat dann dat Richtegt wier an dësen Zeiten, wou se zu Berlin eeschtlech driwwer nodenken, d’Wehrpflicht erëm anzeféieren.

Bon, hien wier net concernéiert, vill ze al an och nach fréieren Wehrdienstverweigerer, mat wat sollt hien dann elo sengem Enkel soen, Student wier deen, 22 Joer al. Wat wier dann elo dat Richtegt, wann et och hei am Westen seriö giff lass goen. Widerstand – a mengem Kapp huet dat no Résistance geklong – wat wier dat dann elo? Misst net säin Enkel do fir demokratesch Verhältnisser d’Uniform undoen a kämpfen? Hien huet sech geschuddert. Ech konnt nach just nolauschteren, de Noper war an e Monolog verfall. Mein Enkel, mäin eenzegen, an Uniform, dat kéint hien sech einfach net virstellen. An et wier och alles esou komplizéiert, well elo kéimen aus all Lächer jo och nach Rassisten, Trumpisten a Juddenhaasser gekroch, AfD a Schlëmmeres, hutt dir där och zu Lëtzebuerg? huet hien op eemol gefrot an ech konnt just Jo mam Kapp wénken, an hien huet neelech gekrasch, hien wéisst net, wat hien sengem Enkel rode sollt, hien deen ëmmer vum Pazifissem erzielt hätt wéi sei Bop vu 14-18. Mein Enkel in Uniform, de Bouf un enger Front, dat geet guer net, sot hien, mä wann en Diktator attackéiere léisst, wat mëcht een dann?

Paus. Sou, sot hien dun, ech ginn elo den décken Hummer huelen a kucken emol, wat dat Material do daacht. Wéi dann, wat dann? hunn ech gefrot. An hien: Ech ginn dohannen un dat Denkmal a schloen do alles e bësse kuerz a kléng. Hä? Ma jo dat Kriegerdenkmal an der Nopesch-Strooss, do wou ëmmer d’Kränz stinn, déi meescht ouni Banderollen, d’Neonazien sinn nach e besse schei. Hien misst elo lass an dat Gewier an deen Helm emol traktéieren, Gewier, Helm? Ma op ech da blann duerch d’Stroosse giff laafen? Do wier dach dat Denkmal, an op deem Steen läit e Militärtornister an e Karabiner an dernieft e Bajonett an uewendrop en Helm an op dem Steen wier ze liesen „Unsern Helden 1914-1918 1939-1945“. Helden, ach hör doch auf, sot hien, datt un doudeg Zaldote geduecht gëtt, okay, iergendwéi kéint een dat jo maachen, mä Helden, 1939!, dat war jo carrément Krichs- a Naziverherrlichung, dat war en Angriffskrieg op Polen, 1939, a näischt aneschtes, keen Held wäit a breet, nëmme Verbriecher an Uniform, an un déi giff hei erënnert ginn. Mam Vorschlaghammer giff hien elo lassgoen, den Helm verbëlsen, de Karabiner verdiebeln, d’Bajonett ewech klappen an déi onméiglech Widmung zerdeppern. Farbe bekennen, sot de Noper.

nico graf
© 2024 d’Lëtzebuerger Land