Alles nei?

d'Lëtzebuerger Land vom 12.12.2025

Hei elo keen Numm, ze geféierlech an dësen Zäiten. (An e schéine Bonjour un de Jos Nickts). Duerfir eng Ofkierzung. Well hien houng deemools och bal mat dran, de Luc F.

Dee Luc F. war Dauphin, war Minister, quokeleg Dossieren hat hien, Justiz a Police. An hien huet sech agemëscht. Nach haut gëtt et Leit am Justizpalais, déi dervun erziele kënnen, wéi et gerabbelt huet, wann déi zwee Männer unenee gerode sinn, de Luc F. an de Procureur Biever. Wann et nom F. gaang wier, da wier dee bestëmmten Dossier endlech zougemaach ginn. Wéi mir Reporter vun deem Gestreits héieren hu, konnte mer et bal net gleewen. Bis mer du selwer eis Privatlektioune vum F. kruten, e puer Mol, ëmmer déi selwecht Leier, dësen Text: „Hutt Dir näischt Besseres ze dinn, wéi an deenen ale Bomme-Kamellen ze wullen? Et gëtt dach vill méi interessant Saachen. Eis Ekonomie zum Beispill huet erëm den Triple A kritt.“

Dem Luc F. säin Numm ass am Prozess Bommeleeër-bis net gefall. Et ass awer rieds gaang iwwer Aktivitéiten vum fréiere Police-Chef Pierre Reuland géingt d’Enquêteuren. Déi hie bremse wollt. Mat alle méiglechen Tricken a Menacen. Ouni Succès, d’ailleurs. De Roby Biever huet deenen de Réck gestäipt an e Brandbréif geschriwwen, un eben de Luc F. Mat der Suite, datt de Pierre Reuland 2008 demissionéiert gouf an am éischte Bommeleeër-Prozess e ganz schwéiere Stand hat. An dat huet hien dëser Deeg erëm viru Geriicht bruecht: 33 faux-témoignages goufen him vun der Uklo reprochéiert. D’Procureure Dominique Peters huet him an hirem Requisitoir nawell eng Panzrappecht gehalen: Hie géif zanter Joren de Geck maache mat der Justiz, hätt déi boykottéiert, hätt eng gewëssen „Dreistegkeet“ gehat. De Pierre Reuland war net deen eenzegen, deen d’Levite gelies krut. Et war am Fong eppes Onerhéiertes wat do geschitt ass: eng leibhafteg Procureure huet e schaarfe Requisitoire gehal géingt déi fréier Gendarmeries-Spëtzt. Also déi Leit, Parquet a Gendarmerie, déi eigentlech ëmmer un engem Strang zéien, déi sinn hei zu Feinde ginn. Falsch Aussoen, Kontradiktiounen an Omissiounen huet d’Procureure der Gendarmeriesspëtzt reprochéiert.

Wat war dat also fir e Land, an deem mer gelieft hu vun 1984 un? Et war e Land, deem seng bannenzeg Sécherheet op Ligen opgebaut war. Et gëtt ënner Forces-de-l’ordre-Leit eng eenzeg Iwwerzeegung, déi vun en all gedeelt gëtt, wann iwwer d’Bommeleeër geschwat gëtt: Hir Bomme waren eng fantastesch Saach fir Gendarmerie a Police. Nozeliesen ass dat zum Beispill an der Monographie Die Gendarmerie in Luxemburg 1797-1997. Do fënnt een op der Säit 363 eng Grafik, déi d’Evolutioun vum Gendarmeries-Budget weist, deen Mëtt der 80er reegelrecht explodéiert ass (hm, wat e Wuert, mee esou wor et). Déi mafiéis Taktik mat Onsécherheet fir angeblech méi Sécherheet ze suergen, déi hat fonctionéiert. An deem Buch – dat eenzel Enquêteuren d’Gendarmeries-Bibel nennen – gëtt et ganz vill Fotoen, wou all déi Männer drop sinn, déi elo – geet et no der Procureure – an de Prisong sollen. Well si am CSV-Staat géingt dat aacht Gebot verstouss hätten, in Gedanken, Worten und Werken. Wat dat genee fir Land a Leit bedeit, doriwwer misst hefteg nogeduecht ginn.

Engem huet et emol schonn net geschuet. De Luc F. hat sech 2013 wéint der Bommen-Affaire missen engem Mësstrauensvote an der Chamber stellen. CSV an LSAP hunn e gerett; wéint de SREL-Affairen waren hien an déi ganz JCJ-Equipe awer geschwënn drop politesch dout. Miraculeusement ass den F. awer vun den Doudegen operstan. Hien hat sech ëmgedeeft: „De neie Luc“ housch hien op eemol. D’Ugekloten am Bommeleeër-bis-Prozess sollten dat och probéieren: de neie Pierre, de bal honnert Joer alen neien Aloyse, de neie Guy, de neien Armand.

Réclusion huet d’Procureure géingt si gefuerdert. Et wier e penibelen Exercice, Strofen zu fuerderen, sot si, an huet d’Wuert Schraasseg evitéiert.

nico graf
© 2026 d’Lëtzebuerger Land