Firwat hunn déi fréier Gendarmerie-Cheffen net d’Wourecht gesot?

Bommeleeër bis, de Prozess

De Marc Scheer (lénks) an de  Jos Wilmes
Foto: Sven Becker
d'Lëtzebuerger Land vom 21.11.2025

Do si mer nees: Den Himmel ass blo, d’Sonn schéngt, wéi deemools 20013. Am Haff vum Geriicht lafe ganz vill Leit, déi all zur selwechter Dier era wëllen, do ginn se da kontrolléiert, wéi wann se an e Fliger wéilten, an duerno ginn se déi grouss Trap erop Direktioun grousse Sall, wou den zweete Bommeleeër-Prozess soll sinn. Deen awer am Fong net esou dierft genannt ginn. An der Preparatioun ass vu Parquet a Justiz dorop e bëssen insistéiert ginn: Et wier, an der Saach, net – eelef Joer méi spéit – deen zweete Bommeleeër-Prozess, mä e puer fréier Gendaarme wieren accuséiert, net well si 20 Mol gebommt hätten, 1984 bis 1986, mee well se an deem éischte Prozess 2013 kéipweis „faux témoignages“ gemaach hätten.

An am Gebai geschitt dëst: Déi héich Trap erop ginn och Leit, déi schonn eng Kéier genee esou déi Trap do erop gaang sinn. Et gesäit e bëssen aus wéi eng force de frappe. Et sinn déi zwee Ugekloten aus dem Joer 2013, Scheer a Wilmes, déi deemools genee esou mat hiren Affekoten déi Trap erop komm sinn. Vill Leit waren iwwerzeegt, grad déi zwee kéimen net an dëse Prozess. An awer kommen si, Ätsch, mat der Affekotin Lydie Lorang, an et sicht een automatesch nom Gaston Vogel, dem deemolegen Affekot vum Marc Scheer.

Mä déi zwee deemools als Attentäter ugeklote fréier Gendaarmen aus der Brigade mobile sinn do, mat neien Affekoten, an d’Lydie Lorang ass den éischten Dag als Hëllef mat. A wéi. Si prägen den éischten Dag vum neie Prozess mat Interventiounen. Déi als Resultat hunn, datt ausgerechent déi zwee éischt Ugekloten sech als parties civiles constituéieren – si fuerderen eng hallef Millioun pro Kapp. An zwar fuerderen si déi am Fong jo géint hier fréier Cheffen, déi wéinst falschen Aussoen ugeklot sinn. A vun do u gëtt et elo an deem Prozess déi kokass Situatioun, datt hannen am Sall, direkt virun der Press, zwee fréier Ugeklote sëtzen, déi genee suivéieren, wéi hier fréier Cheffen sech behuelen, wat déi soen. An am Raum steet jo d’Fro, wat wëssen déi eng vun deenen aneren? Wéi kënne si sech géigesäiteg ënner Drock setzen? Et ass e bësse wéi wann zwee verfeinte, mä fréier befrënte Clanën zesummen am Prozess séizen. An als Vertrieder vun de parties civiles hunn d’Affekote vu Scheer a Wilmes elo Accès an den Dossier vun dësem Prozess; si sinn elo beschtens informéiert, wat déi fréier Cheffen an de Verhéier a beim Untersuchungsriichter gesot hunn. Eng extrem spannend Situa-
tioun, qui promet pour les prochains jours. 

De Prozess huet eng Allure vun Amiperas a Konveniat. Dee jéngsten Ugekloten ass 65 Joer al, deen eelsten ass der 97 a mam Rollator ënnerwee. Ursprünglech sollten aacht Männer de Prozess gemaach kréien, vun deene sinn der awer schonn zwee gestuerwen, en drëtte wier dement, en aneren hätt psychiatresch Problemer, e weideren hätt massiv kardiologesch Problemer an e seet selwer, hie wier zockerkrank, a freet, ob dat Influence op seng Memoire hätt. Jee, 40 Joer no den Explosioune wëssen net nëmme ganz vill Leit am Land näischt méi vun de Bommeleeër, mä och déi, di aus wat fir Grënn och ëmmer vill wësse missten, sinn zum Deel net méi do oder am Fong net méi verhandlungsfäeg. „Le temps de la justice“, hat de fréiere Procureur Robert Biever emol eng Kéier gekeimt, an esou wor et, an esou ass et, alles laang hier.

Et geet an dësem Prozess ëm déi faux témoignages, déi d’Ugekloten am éischte Prozess solle gemaach hunn. D’Riichterin hat do genee Zuele parat: Een hätt 33 Mol e faux témoignage gemaach, en anere 25 Mol, en drëtten 19 Mol, et cetera. 

An der Haaptsaach wäert et wuel bei deene Falschaussoen ëm zwou Observatiounen op den deemools verdächtege fréiere Chef vun der Brigade mobile de la gendarmerie, Ben Geiben, goen. Deen hat en extreem gudden Image an der Gendarmerie a gouf als zukünftegen héchsten Offizéier gehandelt. Mä du gouf hie Gendarmerie-intern als schwul geout a forcéiert, ze demissionéieren an d’Land ze verloossen. Fréier Kolleegen hu geduecht, aus Revanche géint säin ale Corps a fir d’Gendarmerie lächerlech ze maachen, hätt hien d’Bomme geluecht oder leeë gelooss, vläit mat Hëllef vum Jos Steil aus der Brigade mobile. Wat ni bewise ginn ass. 

Am Oktober 1985 sollt de Ben Geiben zu Bréissel observéiert ginn, vun dräi Gendaarmen, eng Observatioun, déi schif gaang ass (aus Grënn, déi vläit, vläit an dësem Prozess gekläert ginn). Dunn, um Weekend, sollt de Geiben op Lëtzebuerg gelackelt ginn, vun ebe sengem Frënd Jos Steil. Dee sot, de Ben kéim. Eng Observatioun ass organiséiert ginn. Samschdes mëttes sot de Jos Steil, de Geiben kéim net, d’Observatioun ass ofgebrach ginn. De Geiben ass awer an d’Land komm, huet owes um Bock-Fiels an engem Restaurant mat sengem Frënd giess. An um 23.02 Auer ass um Palais de Justice d’Bomm explodéiert. Déi huet de Büro vum Juge d’instruction zerstéiert, dee mat der Bommeleeër-Saach befaasst war. Nuets ass d’Observatioun op de Geiben erëm opgeholl ginn. Deen ass mueres aus dem Holiday Inn erauskomm, ass an d’Villa Chomé zu Eech gefuer, wou de Jos Steil gewunnt huet. Dee war net doheem. De Geiben war awer iwwer eng Stonn an der Villa, ass erauskomm an huet grouss Kiwwele mat anscheinend Planzen dran a säin Auto gestallt, ass an de Reckendall op de Schéissstand gefuer, huet do mam Jos Steil diskutéiert an ass du, à toute allure, Richtung Bréissel fortgerannt. An dat alles ënner den Ae vu Leit aus dem Geheimdéngscht Srel, déi hien observéiert hunn, déi awer kee Recht haten, hien ze arrêtéieren.

Zwee Leit haten sech also ganz verdächteg beholl, de Steil an de Geiben. Een Agent vum Srel huet an deem Sënn doriwwer e Bericht geschriwwen, deen awer eréischt 2004 opgedaucht ass. A méindes, nom Geiben-Besuch am Land a no der Bomm um Geriicht war – miraculeusement – d’Spuer Geiben fir d’Gendarmerie dout. Ouni Explikatioun, a kee Gendarmeries-Chef huet intervenéiert, fir dat ze änneren. 

A genee dowéinst, well se dat am éischte Prozess net oder total widderspréchlech kommentéiert hu, stinn se haut virun der Riichterin. Den Enquêteur Marc Weis huet am Prozess dee ganze Virgang presentéiert, an et ass kloer, datt déi avortéiert Observatioun de plat de résistance vum aktuelle Prozess si wäert. Och de Jos Steil wier elo en Ugekloten, mä deen ass 2004 gestuerwen. 

An de fréiere Gendarmeries-Kommandant huet am Juli 2017 ganz däitlech op de Jos Steil als Täter gewisen. Sot um drëtte Prozessdag den Enquêteur Marc Steffen. Deen huet e Rapport présentéiert iwwer d’faux témoignages vum Gendarmeries-Kommandant Aloyse Harpes.

Duerchnummeréiert a genee dokumentéiert war seng Présentatioun. Den Aloyse Harpes, sot den Enquêteur-Zeien, dee war als haarde Chef an der Gendarmerie bekannt; bei him wier en Uerder emmer en Uerder gewiescht an déi Kleng hu misse follegen, de Chef hätt alles am Greff gehat. A grad dowéinst wier et net ze gleewen, datt dee fréiere Kommandant an de Verhéier an am éischte Prozess ëmmer erëm seet, hien hätt sech net iwwer d'Attentäter-Enquête informéiert, dat wier d’Saach vun den Enquêteure gewiescht. An de Rapporteur huet opgezielt – preuves à l’appui –, datt den Aloyse Harpes sech ganz dacks widdersprach huet. E Beispill: Ouni hie wier de Kontakt mam Srel bei der Observatioun Ben Geiben guer net méiglech gewiescht, mä den Aloyse Harpes hätt dat ofgestridden.

18 däer faux témoignages wieren dat gewiescht. Um Enn huet den Enquêteur du nach e Knuppert bruecht, eben deen aus dem Juli 2017. Do waren dräi Enquêteure beim Aloyse Harpes doheem, fir eng Perquisitioun ze maachen. An op eemol sot den Aloyse Harpes, hien hätt dach gemengt, hien hätt am éischte Prozess d’Täter däitlech genannt. Wien hien da gemengt hätt, froen d’Enquêteuren. Dem Aloyse Harpes seng Äntwert war dës: „Maja de Geiben, an dann de Steil... dat war jo een, an dann déi zwee, de Jos an de Marc.“ D’Enquêteuren hunn nogefrot, ob hien d’Ugeklote Scheer a Wilmes menge géif, an den Harpes äntwert: „Jo, déi hunn him jo missen hannendru lafen.“

Wann den Aloyse Harpes déi Iwwerzeegung schonn am Joer 1985 hat, a wann e recht gehat hätt, dann ass et total onverständlech, firwat net an déi Richtung enquêtéiert ginn ass, fir d’Attentatsserie opzeklären. Mä duerfir kann et eng Explikatioun ginn. De Police-Zeien am Geriicht sot, den Aloyse Harpes hätt wuel keng Kettereaktioun wëllen a Gank setzen. Ongeféier no dësem Scheema: Wann een zouginn an acceptéiert gehat hätt, datt et an der Gendarmerie en Insider gouf, deen d’Bommeleeër beschtens informéiert huet, a wann een zouginn hätt, datt et eng gutt Geiben-Spuer ginn hätt, da wier dat ganzt Kaartenhaus vun der Gendarmerie an de Koup gefall. An anere Wieder: Fir d’Gendarmerie ze schütze, wier näischt géint d’Insider gemaach ginn. Nach anescht formuléiert: De berüümte Corpsgeescht huet also d’Bommeleeër geschützt. Déi Theorie, déi Vermutung ass net wierklech nei, vill Observateuren haten se schonn. Mä datt de fréiere Gendarmeries-Kommandant se esou däitlech ënnermauert – also, wéi si no der Perquisitioun beim Aloyse Harpes zréckgefuer sinn, do sinn déi dräi Enquêteuren ënnerwee stoe bliwwen an hunn sech géigesäiteg gefrot, ob si richteg héieren hätten. A si haten allen dräi dat selwecht héieren. A Public, a Press an d'Geriicht dann elo och. An déi nei parties civiles Scheer a Wilmes och. Wien näischt héieren huet, war den Aloyse Harpes, dee war net do.

nico graf
© 2026 d’Lëtzebuerger Land