No engem Openthalt am Koma kënnt ee Mann (net méi ganz) zou sech – a versicht, e bësse wéi am Christopher Nolan sengem Memento, seng Erënnerungen zeréck ze fannen. Dobäi hëlleft him eng gewësse Madamm Pallandt, déi him eng Rëtsch Bicher dohileet, déi hien ënnert aneren Nimm soll geschriwwen hunn, an där hiren Inhalt sech effektiv mat senger eegener Biografie z’iwwerschneide schéngt – et sief dann, déi Erënnerungen, déi sech wéi ee fir ëmmer onvollstännege Puzzle zesummesëtzen, wieren Erënnerungen un déi geschriwwe Fiktiounen, déi d’Erzielwierk wéi ee roude Fuedem zesummenhalen an dem Erzieler ëmmer nees als Zitatkrätsch déngen, wann hie grad nees an der Gesellschaft vu „Stécker vu Sätz“ ufänkt u sengem Denken ze zweiwelen – een „Denken, dat zerbréckelt, dat sech selwer net méi fënnt” an dat am beschte Fall zu neie „kaleidoskopeschen Zesummesetzungen“ féiert, am schlëmmste Fall awer just „Blackout an Zerfall“ bedeit.
Formal fänkt den Nico Helminger genee dee Wee an: Déi éischt Kapitele vu Kappgras sinn dréif a verwurrelt Visiounen, déi den Auteur wéi ee Fëscher mat sengem Netz u Wierder a Metapheren afänkt, duerno schielen sech aus dem Erzielniwwel eng Rëtsch u méi konkreten Zeenen eraus. Ugefaange mat der Kandheet an der Jugend an der rauer Schlague, eng Strooss an där all d’Haiser der Schmelz gehéieren an där hier Awunner ee Panorama vun de gesellschaftlech Getéckten ergëtt, Leit déi duerch d’Schaff kierperlech a mental entstallt sinn, eng Mikrogesellschaft u futtisse Mënschen, „vum Liewe Gebeetschtener”, an där den Erzieler séier léiert, sech net ze vill vum Liewen ze erwaarden: „Do sëtze se, ausgeblutt, gefaang an hiren Erzielungen ouni Enn. Eng Brutalitéit vum Denken an an der Sprooch, déi dem wëlle Räisse vum Häerz entsprécht, wann et sech domm stellt, well et ufänkt, es genuch ze hunn.”
Net ze vill erwaarde wäert sech den Erzieler och vum Stadblat, enger Dageszeitung aus Neschville, an där d’Unzuel un Alkoholkranke genee esou héichprozenteg ass ewéi dat, wat sech de Flumard, ee vun den Employéen, schonn um fréie Moien d’Strass erof kippt a bei där hien no engem Journalismusstudium zu Paräis ënnerkënnt – ee Studium, wärend deem hie fir d’Rekonstruktioun vu Verbriechen all Zort Doudeger, dorënner een ruppegen Huissier, verkierpere muss a sou no an no déi Zort Identitéitsverloscht mat erlieft, déi en eigentlech perfekt op dat psychotescht Ëmfeld bei der Zeitung (all Ähnlechkeete mat enger am Süde vum Land editéierter Dageszeitung si selbstverständlech reng zoufälleg) virbereet: „Scho fréi huet d’Aarbecht beim Stadblat fir mech d’Konturen ugeholl vun engem Passage an der Psychiatrie.”
Dann awer, wann sech dat eegent Liewen oder dat, vun deem ee mengt, dass et dat eegent Liewe gewiescht sollt sinn, méi konkret zesummesetzt, stellt ee fest, dass wat sech do zesummestellt eigentlech just een Tableau vun der Zersetzung ass: Op eemol ass dem Erzieler seng Fra net méi seng Fra – zumindest ass hien dovun iwwerzeegt – an een Dossier, ëm deen hie sech këmmert an deen en op d’Spur vu kromme Geschäfter, net kauscheren Transkatiounen a louche Gestalte bréngt, verleet dubiéis Personnagen dozou, him ze dreeën.
D’Handlung vu Kappgras ass dobäi, ewéi an all bedeitendem Roman zanter der Postmodern, gläichzäiteg Niewesaach an zentral. Wéi beim Virgänger, dem villfach ausgezeechente Meeschterwierk Kuerz Chronik vum Menn Malkowitch sengen Deeg an der Loge, léisst sech déi chronologesch-autobiographesch Rumm nom éischte Buch ëmmer méi op – sief et, well déi Welt, an déi en erageréit esou onduerchlässeg a verwurrelt ass, dass den eenzege Spigel, deen se ka getrei portraitéieren, zolidd verzerrt muss sinn oder well d’Erënnerungen, wat de Schnatt vum Koma méi no kënnt, méi fragmentéiert ginn.
Opfälleg ass, dass net just seng Erënnerungen, mä och déi sëllege Figuren, déi dem Erzieler iwwert de Wee lafen, onvollstänneg sinn – nieft dem „Ugebassenen” begéint hie spéider „deem ouni Lëps”, enger ellener Figur, déi dem David Lynch sengem Lost Highway kéint entlaf sinn. Wéi beim Thomas Pynchon weess een och hei net, op d’Erzielfigur sech déi verstréckt Affär, iwwert déi si enquêtéiert, nëmmen abilt oder op hiren Androck, dass d’Welt no an no zerfält an déi Wieder, déi si benotzt, fir se anzefänken, „wéi Zillen op [si] erofbëselen”, der Wourecht entsprécht, ganz nom Motto: “Just because you’re paranoid doesn’t mean they’re not after you.”
Nieft de Parallellen zum Menn Malkowitsch fënnt een a Kappgras allerdéngs och eng gewësse Kontinuitéit mat dem Wierk vum Tomas Bjørnstad, dee mëttlerweil dräi Wierker erausbruecht huet an dank deem den Nico Helminger seng Praktik vun der Heteronymie auslieft: Esou gëtt Bjørnstadt zu Neschville, Bjørnbling22 zur Kulturellaktioun an nieft de verschiddenen Heteronymen, aus deenen hire Wierker mer Passagen ze liese kréien, an duerch déi d’Spill mat de schrëftstellereschen Identitéiten net just extra- mee och intradiegetesch funktionéiert, ass d’Korruptioun an d’Gloscht vun enger Politik, déi eng Stad lues awer sécher an den Ofgrond dreift, och hei een zentraalt Thema – relativ onschwéier erkennt ee beispillsweis, wien sech hannert dem Anagramm Eremo Scheggi verstoppt.
Ganz niewebäi ginn, wéi och scho bei Von der schönen Erde, rezent kulturpolitesch Blamagen – nieft Esch22 sief hei de Reboot vun der Lëtzebuerger Presenz op der Frankfurter Buchmesse erwäänt, ee Reboot, bei deem sech den un der Literatur dach esou desinteresséierte Filmsecteur mat aluede gelooss hat – pastichéiert, a wie bei den zwee Kapitelen iwwert d’Lëtzebuerger Filmbranche zu Cannes net haart laacht, läit wuel selwer am Koma.
Ganz oft schumme Lëtzebuerger sech, getrei dem vill theoriséierte Mannerwäertegkeetskomplex, fir hier Mammesprooch: si wier net präzis, net däitlech, net déifgrënneg oder poetesch genuch, fir dass se fir literaresch Wierker duerhale kéint. Literaresch Entdeckungen, Momenter vun Identifikatioun oder Inspiratioun fënnt een dofir meeschtens an der Literatur aus dem Ausland, egal, op et Wierker vum Marcel Proust oder dem Virginia Woolfe, vun der Marie Ndiaye oder dem Jean Echenoz sinn. An da liest ee Kappgras a mierkt, zu wat d’Lëtzebuerger Sprooch literaresch se fäeg ass wann een talentéierten Auteur sech hier uneegent, se mat genuch Verspilltheet, Roserei an Humor e bëssen diebelt an hier Limitte sprengt.
Den Nico Helminger ass an der Landschaft vu Lëtzebuerger Langweil, absolutter Bequeemlechkeet a récksiichtsloser Upassung un den neoliberale Kredo vun der Ausbeutung an der Selbstberäicherung net just eng Ausnam, mä eng Zort literaresche Saboteur, dee mat vill Humor a genee esou vill Roserei net zéckt, Zillen aus Wieder op de kapitalistesche Realismus, deen zu eiser eenzeger Realitéit gouf, bëselen ze loossen. Kappgras ze liesen heescht, e bësse vun der „Hell lasszeginn, déi een a sech dréit”, a gläichzäiteg déi Hell, zu där eis neoliberal Schaffwelt eis verurteelt, mat méi Distanz a Roserei an der Panz ze betruechten.