Futurismus an de Faschismus. Kapitalismuskritik aus der Siicht vu Jugendlechen, déi an enger Welt vum Hyperkonsumerismus opwuessen. Dräi Afen op Zäitrees. Eng riseg Statu, déi all Dag op enger anerer Plaz opdaucht, wéi wa se d’Duerf, an deem Roserei zum Deel spillt, géif als iwwerdimensionaalt Schachbriet mëssbrauchen. Jugendlecher, déi ee ganz eegene Slang entwéckelen, gepräägt vu schlechte Wuertspiller, Permutatioun vun den Ufanksbuschtawen vun zwee Substantiver oder Silben („Deuronivergent“) – deen hir existenziell Marginaliséierung wëll sproochlech spigelen, e bësse wéi am Anthony Burgess sengem A Clockwork Orange, vun deem dem Cosimo Suglia d’Roserei, ma net d’Gewalt, iwwerholl huet. Kreatiivt Schreiwen als Kampfsport ënnert der Ko-Leedung vun engem Proff, deen heescht, ewéi de Mann, deen de Pissoir zur Konscht héichgeschaukelt huet – wat an deem Sënn konsequent ass, wann ee bedenkt, dass dem Cosimo Suglia säi Roman Roserei, deen de roude Fuedem tëschent dëser Wurrel u Sujeten duerstellt, domat ugeet, dass „Mécke fécken“ a „sech am pechege Schäiss“ vergruewen – eng Metapher op d’Langweil an den Nepotismus an engem Land, dat mat de groussen Hënn wëll pisse goen, ma eigentlech just eng eenzeg Provënz ass. Kléngt iwwerlueden? Liest sech (zum Deel) och esou.
Ma fänke mer vu vir un: Op dem Cosimo Suglia säin éischte Roman waren an der Luxemburgensia-Zeen vill Leit, dorënner och ech, gepaant: De Cosimo Suglia huet sech innerhalb vun e puer Joer an der Slam-Zeen een Numm gemaach, huet de Magasinn Aner Welten (mat)gegrënnt an domat dem Genre vun der Science-Fiction, der Fantasy an hire Sous-Genren wéi dem Cyper- oder dem Solarpunk och zu Lëtzebuerg eng Plattform ginn an interesséiert sech och als Literaturfuerscher u spekulativer Fiktioun. An engem vun de ville pertinent-witzege Remarke vu sengem Roman positionéiert hien dës Zort Fiktioun och als eng Literatur, déi vum Akademiker oft marginaliséiert gëtt: „[D’Madamm Harrison] nennt et Genreliteratur. Am Sënn vu ‚Genre, dat ass keng Literatur.‘“ Seng éischt Kuerzgeschichte ware vollgepaakt mat Wuertspiller a Gesellschaftskritik an hunn ze de villverspriechendsten Texter vu senger Generatioun gehéiert – eng Generatioun vu Schrëftsteller/innen, déi sech der Schnellliewegkeet vun hirer Zäit upassen an hir Wierker oft immens séier op de Marché bréngen.
De Roman Roserei ass op eng Manéier déi logesch Weiderféierung vun all deem: Hei stéisst virulent Gesellschafts- a Kapitalismuskritik op Sturm-und-Drang-Figuren an engem Bildungsroman iwwert eng Generatioun, déi net just um Enn vum Alphabet, ma och um Enn vun der Welt steet. Ee Bildungsroman, deen iergendwann an eng postmodern literaresch Sci-Fi-Welt kippt, an där sech esou munche Lieser an den erzieleresche Schläifen wäert verstrécken.
De George huet eng méi wéi konfliktuell Bezéiung zu sengem Papp, dee Buergermeeschter vum
Duerf ass, an deem eng Statu all Dag d’Plaz wiesselt. Ee Konschtprojet, behaapt de Politiker, dee bei all ëffentlechem Optrëtt esou ausgesäit, „wéi wann hie sech vun den Drëppe vun Owend virdrun nach guer net erholl hätt“. „Futurismus“ seet dem Bo säi Papp, deen definitiv de Gewënner vun den zwou Papp-Bouf-Relatiounen aus dem Roman ass: Wéi de Bo ouni elterlech Erlabnis dem Papp säi Won hijackt an duerno an der Stad stoe léisst, well en ze vill gedronk huet, seet dee just stoesch, e géif den Auto dann den Dag drop siche goen.
Ma zeréck zum George sengem Papp: „Déi blo-mof Wierm, déi sech duerch dem Buergermeeschter säi Gesiicht zéien, an de gielbloe Verlaf, dee seng Ae stäipt, jäize Liewerzirrhos“, schreift den Erzieler. Et ass nach keng Säit gelies, an de Lieser weess: De Buergermeeschter, deem seng Figur (deels) un engem Lëtzebuerger Politiker inspiréiert ass, dee seng Rassismusvirwërf ëmmer mat der Begrënnung ofpralle léisst, seng Fra wier schliisslech Auslännerin, huet en Alkoholproblem – an de Cosmio Suglia ka schreiwen a kennt säin Nico Helminger.
De Bo, dee fréier ee Meedche war, huet Gefiller fir de George, déi en net ganz zouléisst. Seng Frëndin Kamila ass eng Streberin an ziicht ee Stee mat Been. Déi dräi verbënnt eng Leidenschaft fir d’Literatur, déi si an engem Schreifatelier ausliewen. An der Schoul gi si reegelméisseg vum Jeff, vum Rodrigo a vum Tom geplot – dräi Schoulhaff-Bullyen, vun deenen de Bo denkt, si wieren Afen, wouwéinst se e puer Kapitele méi spéit dann effektiv, an enger fiktionaler Versioun vum Gudde Wëllen, zu Afe ginn. Dat, well am postmodernen Universum vum Cosimo Suglia zwar den Derrida (hei Derdiva genannt) gebasht gëtt, den Auteur awer trotz poststrukturellem Diss awer un d’Sprooch gleeft a weess, dass an der Literatur alles ëmmer just Text ass – an Text alles kann. Genee dofir huet enger Figur hir Frechheet dann och ee performative Charakter a kann aner Figuren zu Afe maachen – wéi wann dem Bo seng Roserei eng Zort Zauberstaf wier.
De Bo, de George an d’Kamila gleewen allen dräi drun, dass d’Schreiwen, dass d’Literatur, dass d’Konscht eppes bewierke kann, esoulaang si sech net an den Déngscht vum Kapital stellt oder iergendwann entgleist, sech indoktrinéiert. Esou sinn och d’Extraiten aus dem Manifest vun de Futuristen als Warnung ze liesen. Wann et haut kaum méi literaresch Beweegunge gëtt, da wuel och aus enger vum Jean-François Lyotard inspiréierter Skepsis vis-à-vis vun all Zort literareschem Meta-Narrativ: De Futurismus huet sech am Faschismus an an der Misogynie opgeléist, esou wéi dem Céline seng schaarf Fieder am Antisemitismus just nach elle Flecken dohi gesuddelt huet.
De Problem vu Roserei ass manner, dass de Cosimo Suglia an dësem éischte Roman eng Zort literaresch Hyperaktivitéit auslieft: Dës Zort Generositéit ass fir en Debut bal typesch. Dës Wibbelegkeet huet duerchaus hire Charme – och wann et hei en Iwwerfloss u Biller, Metapheren a Vergläicher gëtt, déi den Text plazeweis iwwerlueden, dat, obwuel se meeschtens vun enger beandrockender poetescher Raffiness sinn. Méi problematesch gëtt déi Wibbelegkeet, wann den Auteur nom éischten Drëttel dem Coming of Age-Roman de Mëttelfanger ze weise schéngt an all naturalistesch Konflikter – dem George seng Bezéiung zu sengem Papp oder dem Bo seng Gefiller fir de George – fale léisst, fir säi Roman an e relativ oniwwersiichtleche Sci-Fi-Thriller mat Zäitparadoxen entgleisen ze doen.
Spéitstens wann d’Afen opdauchen, verléiert een d’Schlappen – wat u sech kéint flott sinn, hätt een net den Androck, dass sech den Auteur zwar hei net op d’Käschte vum Lieser ameséiert, ma sech häerzlech wéineg dofir interesséiert, dass dee grad an dem Brouillon vu senger Fiktiounswelt komplett verluer do steet.
Stänneg affert de Cosimo Suglia seng Welt an hir Glafwierdegkeet dem éischtbeschte Wuertspill oder der éichtbeschter Uspillung. D’Resultat ass ee Roman, an deem de Schrëftsteller seng Fiktiounswelt an de ville Referenzen erdrénkt. Iergendwann entzitt sech dem Lieser dowéinst déi Kohärenz, déi mécht, dass een um Ball bleift. Et versteet een net, wéisou sech d’Kapitelen esou agencéieren, wéi se et maachen, et versteet een net, wisou d’Figuren handelen, wéi se handelen. Zeenen a Figure bleiwen an der Schwief, stinn do wéi metalle Staangen op engem Schantjen, déi dorop waarden, an de Bëton vun enger kohärenter Geschicht gegoss ze ginn. Eng Upak sinn déi sëllege sproochlech Trouvaillen, brillant One-Lineren, präzis Beschreiwungen (iergendwou schwätzt den Erzieler vu „Frisuren, déi sech wënschen, se wieren eng Glatz“), déi leider duerch ze vill Schreiffeeler net grad esou geschlaff sinn, wéi se et hätte kéinten.
Leider freet ee sech iergendwann: „Wat zum Féck leeft hei?“ Als Metapher op eng Welt, déi sech ëmmer méi eisem Versteesdemech entzitt, funktionéiert dat zwar duerchaus, a seelen huet een sech, dank dem Cosimo Suglia sengem elegant-freche Stil, mat esou vill Genoss an enger Fiktiounswelt, déi een net versteet, verluer – ma leider hannerléisst d’Liese vu Roserei in fine e relativ frustréierenden Nogeschmaach.