Eng Galerie um véierte Stack. Aus dem Gemeinschaftsraum ënnen schaalt Pianosmusek a Gesang erop: Lëtzebuerger Lidder. A sengem mat Bicherregaler tapezéierten Zëmmer sëtzt de Lambert Schlechter bei der oppener Fënster u sengem Schreifdësch a schafft u sengem nächste Buch iwwer „la nudité et le sexe“ an der Konscht.
d’Land: Stéiert d’Musek Iech net?
Lambert Schlechter: Oh, et geet, d’Dier ass zou… D’Pirele vum Da, an esou weider. Jo, ech sinn bei den ale Leit, net?
Dir passt awer net sou richteg heihinner?
Ech gehéiere net richteg derzou – a mengem Kapp zumindest –, obschonn ech uraal sinn an nach ëmmer fëmme wéi en Idiot. (Et klappt un der Dier. Post fir de Lambert Schlechter.) Elo muss ech schnell kucken, well ech si ganz ongedëlleg (Rappt de Pak op an hëllt e Buch vum Gilbert Lascault eraus. Figurées, défigurées: Petit vocabulaire de la féminité représentée). Dat ass dat Buch, wat ech muss hunn. Extraordinär! Dat hunn ech zu Paräis gelies an de 70er Joren. Dat gehéiert e bëssen zu mengem Theema. Eng Merveille vu Buch. Elo sinn ech frou, dass ech dat hunn. Et ass e schéinen Dag haut.
„Das ewig Weibliche zieht uns hinan“ …
Jo, natierlech. Dat schafft un ons, net?
Wat sot Dir zum Virworf: Objektivéierung vun der Fra? A gëtt et Saachen, di Dir geschriwwen hutt, wou Dir fäert, se kéinte mëttlerweil ugegraff ginn?
Je m’en fous. Ech krut Reproche gemaach, ech géing pornographesch Saache schreiwen. Mee wann een net iwwert de Sex däerf schwätzen, wouriwer schwätzt een dann nach, gellt? Iwwer de Gotti an d’Blimmercher? An d’Eidechsen an d’Goldfësch an esou virun? Dat gehéiert dach alles beienneen!
Wéi ass dat dann eigentlech am Altersheim? Do ass ee jo op eemol mat Leit zesummen …
… déi ofgeschalt hunn!
Ass dat esou?
Et gëtt och kaum nach gelies hei.
A Sexualitéit, spillt dat eng Roll?
Nee. Doriwwer gëtt net geschwat. Ech hunn eng relativ jonk Frëndin … se kucken dann ëmmer, wa si bei mech kënnt. Mee soss gëtt dat net thematiséiert.
Et ass ee jo och op eemol dann mat Leit zesummen, deenen een am Liewe ni begéint ass …
Et ass kaum een hei, deen ech kennen. De Greische Pol war hei, deen ass fort. Ech hu ganz wéineg Kontakt hei am Haus. Bon, mir schwätzen e bëssen iwwert d’Iessen, e bëssen iwwert d’Wieder oder heiansdo d’Politik. Mee dat si keng Gespréicher, dat ass keen Echange.
War dat Är Entscheedung, heihinner ze kommen?
Deelweis war et menge Kanner hir. Si wollten net méi, dass ech ganz eleng géing liewen. Ech hunn alles eleng gemaach, mir gekacht an alles. Si hu gefaart, ech géif eng Kéier falen, an da wär et eriwwer. Ech weess, dass ech an der „End-Case“ sinn. Dat hei ass mäi leschten Domizil, mee bon, all déi Saachen, déi ech elo maachen, sinn eng Zort Bilan. Dat, mat deem ech mech elo beschäftegen, geet zeréck op 1968/69, wéi ech dat Buch hei am Fong gelies hunn. An elo huelen ech et erëm mat gréisstem Pleséier. Ech hat scho gefaart, et géif et net méi ginn. Mee dat hei ass d’Ausgab aus där Zäit. Ech hunn net gär, wann ech eng Ausgab kréien, déi ech net kennen.
Hutt Dir eppes wéi eng Schreifroutine?
Nee. An der Nuecht sinn ech op, dann hunn ech eng fäerdeg Formulatioun am Kapp, an da muss ech se erausschreiwen, soss kann ech net schlofen, well de Saz scho fäerdeg ass an der ganzer Formulatioun. Da fannen ech en esou gutt an da stinn ech op, an ech kommen mech heihinner sëtzen.
Wéi huet Dir d’Schreiwen fir Iech entdeckt?
Ech hu wéi all Adolescent en Tagebuch geschriwwen. 1954, do hat ech e klenge Carnet, wou ech all Dag drageschriwwen hunn. Deemols hat ech eelef Joer. „Haut si mer bei d’Bomi gaang, et gouf Quetschentaart“, an esou virun, „an du si mir an den Zinema gaangen.“ An dat Joer drop hunn ech richteg Hefter geholl, déi schéi léngen Hefter, déi et nach ëmmer gëtt. Vun do un hunn ech just nach an esou Hefter geschriwwen. Iwwer 80 Stéck, déi alleguer verbrannt sinn (bei engem Hausbrand 2015, d’Red.), mee haut wär et fir mech interessant nokucken ze goen: Wat hunn ech mat 17 Joer do an doriwwer geschriwwen?
Dat war sécher traumatiséierend.
Oh Mamm, jo. Dat war dee gréisste Verloscht, dass alles dat fort ass. Mee bon. Mir mussen nach méi wéi dat lassloossen, net?
Hutt Dir eigentlech ëmmer liicht geschriwwen?
Et koum mir ganz spontan, inklusiv meng Gedichter. Ech fänken un ze schreiwen, wann ech e Motiv oder en Theema hunn. An da weess ech beim fënnefte Vers, du hues der nach véier.
Dat ass jo schonn e groussen Don. Et gi jo och Leit, déi sech domatter schwéier doen.
Nee, ech quäle mech guer net. Ech schreiwen och nëmme, wann ech Loscht hunn a wann en Drock do ass. An da geet et vum selwen. Et gëtt zwee Kreatiounstyppen, dat ass de Mozart an de Beethoven. De Mozart huet alles erausgespaut, an de Beethoven, dee souz do. All Kënschtler huet seng eegen Natur a Method. Säin eegent Fonctionéieren. Ech sinn do gottbegnadet.
Dir schreift a Fragmentform. Dat huet och eppes fir d’Kreativitéit Befreiendes …
Du bass net gebonnen. De Julien Greene huet sech ëmmer beklot, dass en de Sklav vu senge Personnagë wär. Ech hat ni e Plot. Ech ka vu Säit zu Säit d’Theema änneren, d’Atmosphär oder den Toun. Alles ass méiglech. A wann et geléngt, gëtt et e grousse Patchwork, deen awer en Zesummenhang huet, well lauter Querverbindungen entstinn.
Dir sidd als jonke Schrëftsteller dem Thomas Bernhard iwwer de Wee gelaf. Hutt Dir hien deemols als Schrëftsteller scho kannt?
Ech weess net méi, ob ech scho Saache gelies hat. Ech war vum Anise Koltz gefrot ginn, ob ech kéint eng Kuerzgeschicht vun him op Franséisch iwwersetzen. Et war virgesinn, dass Virliesunge wären. D’Mondorfer Bicherdeeg waren zu där Zäit bilingue. An da si Liesunge gewiescht, mat all Kéiers der Iwwersetzung vum Text. Den Thomas Bernhard hat, mengen ech, nach näischt publizéiert, ausser dee klenge Band Prosa, bei Suhrkamp. Do war eng Kuerzgeschicht dran, déi huet geheescht Zwei Erzieher. An dunn hunn ech déi missten iwwersetzen. Mat groussem Spaass. An dunn hunn ech natierlech, wéi hien hei war, e bëssen mat him iwwert d’Iwwersetzung geschwat. E konnt Franséisch, well e jo vill zu Bréissel war. Et war en immens joviale, lëschtege Kärel. Guer net depressiv, wéi säi Geschreiws. En huet ëmmer gelaacht a banal Witzer gemaach an esou.
Dat heescht, hien huet virgelies an Dir souzt donieft?
Jo. Ech war immens stolz. Hie souz do (weist no lénks) an ech souz hei (weist no riets), an hien huet säin Text gelies an do koum ech drun. Fir mech war dat och eng immens Chance, déi d’Anise Koltz mir an och dem Pierre Puth ginn huet, fir do präsent ze sinn. Mir waren nach net Auteur. Ech hat nach näischt publizéiert, nach näischt no bausse geschriwwen, mee mir waren do ënner héichkarätege Literaten, do ware Leit wéi den Alain Bosquet, de Michel Deguy an esou franséisch Somitéiten, an och däitschsproocheg Schrëftsteller wéi den H.C. Artmann an de Peter Handke.
Komme bei Iech och mol jonk Schrëftsteller em Rot froen?
Dat kënnt vir, jo. Dat si mat hirem Manuskript bei mech kommen … Ech maachen dat guer net gär (laacht).
Dir selwer sidd ni bei ee gaangen?
Nee. Mee et ass wichteg, dass een eng personne de confiance huet, déi ee kann ëm Rot froen. Selwer gëtt ee jo e bësse betribsblann. Mee bon, ech hunn entretemps Erfarung genuch, fir ze wëssen, wat ech wäert sinn.
Wësst Dir, wat di jonk Literaturszen zu Lëtzebuerg ëmdreift?
Ech weess et net. Ech liesen se och net vill oder net genuch. Ech si ganz streng beim Auswielen a bei deem, wouranner ech meng Zäit investéieren. Et ass eng Zort Ongerechtegkeet oder Inattentioun vu mir, dass ech net genuch opmierksam sinn. Dat kann ee mir och virwerfen.
Wéi huelt Dir Är Zäit wouer?
Ech sëtze jo dauernd viru mengem Ecran. Dat ass alles esou bedréckend. An dach léisst ee lass, andeems een zum Beispill eng Säit Montaigne liest, deen jo och an enger total chaotescher Zäit geliewt huet.
Schreiwe, liesen… dat ass jo bal schonn e schëllege Pleséier …
Deen ech awer voll assuméieren. Woubäi ech déi Saachen, di eis Zäit beschäftegen, am Fong wéineg thematiséieren. Obschonn et am Hannergrond dauernd do ass an engem dann awer Saachen erausrutschen, déi domat zesummenhänken, ouni dass et direkt benannt gëtt oder esou. Ech liese ganz vill historesch a kulturhistoresch Saachen. Et gëtt jo dat Buch vum Egon Friedell: Kulturgeschichte der Neuzeit, deen op eng herrlech Manéier vum Mëttelalter bis d’19. Joerhonnert duerch d’Kultur geet, an ee sech freet: Wéi huet en dat gemaach? Do si Formulatiounen dran, déi sinn extraordinär. Ech hunn déi Wierker gär, déi zugläich eng Synthèse sinn an awer eng Entwécklung weisen. Do ernäert een sech drun.
An et gëtt engem e Gefill dofir, wou ee lo grad ass.
Jo, fir sech selwer besser ze situéieren, natierlech. Wou mer dru sinn.
Wou si mer dann drunn?
Oh, mir sinn am Chaos. Mir wëssen net, wou et hie geet. Dofir ass et och rassurant, an d’Vergaangenheet ze goen, fir ze kucke, wéi d’Leit sech do probéiert hunn ze situéieren. D’Gespräche mit Goethe vum Eckermann… Dat ass eng Freed ze liesen!
An en Trouscht?
Et ass en Trouscht, jo, et ass eng Berouegung. An d’Gefill, datt alles méi roueg ass, wéi ee mengt. Wann ech meng chineesesch Klassiker liesen, do gëtt d’Zäit op eemol roueg. Wëll déi Saachen thematiséieren, déi een haut nach virun de Féiss huet. Dat bremst d’Galopad vun der Zäit.
Sidd Dir eigentlech éischter e Rouegen oder Onrouegen?
Ech sinn e Melancholiker. En angoisséierte Melancholiker mat euphoristeschen Ausbréch. Mäi Grondliewensgefill ass dat. Dat ass och duerch meng ganz Jugendtagebücher gaangen. An dat géif ech gär heiansdo haut rëm kucken. Ech hunn am léifste gehat, wann et gereent huet. Dann hunn ech mäi Lodenmantel ugedoen an ech si spadséiere gaangen.