Guerre et Plaie
Déck Frënn – den neien Album
Op 99 illustréierte Säiten vu guddem Pobeier an am Faarfdrock presentéiert dëst Buch sämtlech BDën aus der Zerie Déck Frënn vum Skif a vum Dresch, déi tëscht Januar 2021 an Dezember 2022 am Lëtzebuerger Land erauskomm sinn, an déi am Land fort gesat gëtt.
Et ass d’Fortsetzung vum éischten Deel Déck Frënn – La comédie inhumaine (2019 – 2020), deen 2021 eraus komm ass an groussen Succès hat.
De Skif (Moe Skifati, Zeechnungen) an den Dresch (Jacques Drescher, Zenarioen) wennen sech der politescher Aktualitéit am Grand-Duché ënnert dem Titel Guerre et Plaie zou.
Fir dass d'BDën sech gutt a Relatioun mat der respektiver Aktualitéit setze loossen, sti se am Buch an der chronologescher Reiefolleg vun hirer Publikatioun am Land, mam Datum vun der Publikatioun. Uewen op all Säit ass eng Bande mat de Käpp vu Poltikerinnen a Politiker, fir dass kee vergiess gëtt. All Exemplaire leit e Marque-page bäi, deen illustréiert ass.
Déck Frënn: Guerre et Plaie
Éditions d'Lëtzebuerger Land, 2024
99 illustréiert Säiten, Format 215 x 255 mm.
ISBN 978-99959-949-7-6