De klenge Prënz ass e sympathesche Bouf aus der Weltliteratur, deen de franséische Schrëftsteller Antoine de Saint Exupéry 1943 an d’Liewe geruff huet. Haut ass e sécher traureg, well den Auteur, deem him seng lëtzebuergesch Kleeder an Adaptatioune verdankt, ugangs August gestuerwen ass. Dem Josy Braun seng Stärewelt besteet – an dat ass elo definitiv – net nëmmen aus engem décke Stouss Geschichten a Romaner, Cabaretsstécker an Zeitungsartikelen, mä och aus artistesche Buckië voller Gedichter. Säi Wierk – a speziell d’Adaptatioun vum klenge Prënz – wäert déi Grouss an di Kleng weiderbegeeschteren an och zum Nodenke bréngen. Manner erwaart awer ass et, datt dem Josy Braun seng Iwwersetzung an Adaptatioun vum klenge Prënz – iwwert déi lëtzebuergesch Schreifweis a Morphologie ewech, fir déi hie sech extra agesat huet – och der Sproochwëssenschaft eppes kéint bréngen. Wat a wéi? Eng gutt Pist gëtt eis de Kenichi Tamura vun der Abteilung für Japanisch als Fremdsprache, Pädagogische Hochschule Aichi, Kariya, an engem Aufsatz, deen 2009 a Japan publizéiert gouf: „Der Konjunktivgebrauch im luxemburgischen ‚Klenge Prënz’ von Saint-Exupéry: Im Vergleich mit dem französischen Original und der deutschen Übersetzung“.
A senger Etude versicht de K. Tamura d’Particularitéiten am Gebrauch vum lëtzebuergesche Konjunktiv am Verglach mam franséische Subjonctif a mat deenen däitsche Konjunktiver 1 an 2 ervirzehiewen. Esou e Projet implizéiert, 1) datt déi terminologesch Problemer am Viraus geregelt sinn; 2) datt de franséische Subjonctif an déi däitsch a lëtzebuergesch Konjunktiver op d’mannst semantesch eppes mateneen ze dinn hunn; 3) datt d’Beispiller aus dem ,Klenge Prënz’, am Originaltext an an den däitschen a lëtzebuergeschen Texter strukturell, semantesch a stilistesch identesch sinn. Déi dräi Viraussetzunge bedéngen all Kontrastetude. Am Artikel ginn se vum Auteur net explizéiert, gehéieren awer stänneg zur Argumentatioun.
Déi franséisch Formë vum Subjonctif an déi däitsch vum Konjunktiv 1 an 2 gëllen als bekannt. Dofir awer gëtt d’Morphologie vum lëtzebuergesche Konjunktiv am Detail presentéiert diachronesch (cf. Bruch: Précis 19733 § 79-82 ) a synchronesch (Schanen/Zimmer: Lëtzebuergesch Grammaire 20051 S.88-92 oder 20122 §§ 61-73; 514). Intressant ass dobäi d’Remarque iwwert de Gebrauch vun den Hëllefsverbvarianten am zesummegesatene Konjunktiv Präsenz: géif/gif/giff, géing/ging, kéint/kënnt/kinnt + Infinitiv a verschiddene Kannerbicher, déi den Auteur gelies huet. De Choix vun dëse Varianten ass net, wéi de K. Tamura et unhëlt, sozialbedéngt, mä semantesch an areallinguistesch.
Déi wichtegst Dimensioun vun der Analys ass selbstverständlech déi funktional-semantesch. Wat bedeit jeeweils de lëtzebuergesche Subjonctif / Konjunktiv, wann e vum Josy Braun an senger Iwwersetzung gebraucht gëtt? Siwen ‚Inhalter’ (= signifiés, Funktiounen) sinn, nom K. Tamura senger (traditioneller) Lëscht, méiglech. 1) Indirekt Ried: Ech war houfreg drop, fir him ze soen, datt ech fléie kënnt. 2) Denken (och Fäerten, Erstaunen, Uerteel, Wonsch): De Kinnek huet nämlech staark drop gehalen, datt seng Autoritéit respektéiert géif. 3) Wëssen oder Erkennen: Ech hu laang Zäit gebraucht, bis ech wousst, vu wou en hierkéim. 4) Absicht (am Finalsaz): Dofir hunn ech du dat Bannenzegt vun der Boa gezeechent, fir datt déi grouss Leit endlech sollte kapéieren. 5) Irrealis: Se wier bestëmmt genéiert, ... wann se dat hei geséich. 6) Euphemismus (oder Feinte): Wiers de sou gutt, fir u mech ze denken? 7) Irréelle Vergläich mat wéi wann: ‚t war mer, wéi wann ech en zerbriechleche Schaz géif droen. Nëmmen d’Funktiounen 1 bis 5 kënnen an engems an deenen dräi Sproochen (franséisch, däitsch a lëtzebuergesch) mam Subjonctif / Konjunktiv markéiert ginn. De K. Tamura limitéiert also säi ganz detailléierte Vergläich op dës ,funktionell Inhalter’.
D’Haaptresultater vun der Aarbecht sinn net nei, kënnen awer a kuerze Sätz formuléiert ginn. 1) Am franséischen Originaltext gëtt et 16 Verbalaussoe mam Subjonctif, wou an den däitschen a lëtzebuergeschen Iwwersetzungen den Indikativ steet. D’Erklärung läit doran, datt de franséische Subjonctif méi ‚maschinell’ wéi ,semantesch’ gebraucht gëtt oder, wa semantesch, d’Bedeitunge vum Subjonctif (F: Virtualitéit) a vum Konjunktiv (D a L : distanzéiert geduechte Welt) auserneeginn. 2) An der däitscher Iwwersetzung gëtt de Konjunktiv sengersäits net esou dacks gebraucht wéi am Lëtzebuergeschen (16 Fäll op 30). Dat hänkt dorun, datt am D. nach fir déi indirekt Ried de Konjunktiv 1 gebraucht gëtt oder d’Modalbedeitung vum Konjunktiv an der indirekter Ried neutraliséiert gëtt. 3) Am Lëtzebuergeschen ass nämlech de Gebrauch vum Konjunktiv 2, sief et vun den analytesche Formen (séich) oder vun de zesummegesatenen (géif gesinn), méi heefeg an der indirekter Ried: Ech hu laang Zäit gebraucht, bis ech wousst, vu wou en hierkéim. ... bis ich wußte, woher er kam. ... jusqu’à ce que je sache, d’ou il venait. Well, wann den K. Tamura vun Denken, Fillen a Wësse schwätzt, dann ass dat meescht am Kader vun der indirekter Ried ze verstoen, esou datt hien sech an senger Grammaire einfach mat der Modalbedeitung vun der ‚distanzéiert geduechter Welt’ (Fäll 5 bis 7) a mam Konjunktiv als Zeeche vun enger indirekter Ausso (Fäll 1 bis 4) hätt kéinten zefridde ginn. Sou eng Vereinfachung hätt bestëmmt och dem klenge Prënz a sengem Lëtzebuerger Iwwersetzer besser gefall!
François Schanen
Kategorien: Sproocherubrik.lu
Ausgabe: 24.08.2012