Als gudde Patriot mëcht een dat eben: op de Spuren vum Feierwon ass een am Land ënnerwee a weist de Noperen aus Frankreich, Belgie, Präisen oder vu soss anzwousch ons Heemecht. An da kënnt inévitablement deen Ament, wou een explizéiere muss: Firwat steet do e Panzer am Haff vum Clierfer Schlass? Firwat steet do eng Bomm zu Consdorf? Wat explizéieren eigentlech déi Commemoratiouns-Placken lanscht d’Sauer, op deenen esouvill amerikanesch Arméis-Unitéite genannt ginn? Firwat steet zu Ëlwen eng Kanoun? Fiwat steet zu Ettelbréck e Panzer? „Sein Großvater hatte in der Schlacht vun Bulge gekämpft“, hunn ech an engem – nu jee – iwwersaten amerikanesche Krimi gelies. A genee déi muss een den auslännesche Frënn jo explizéieren, the battle of the bulge, la bataille des Ardennes, Rundstedt-Offensive. Et kënnt ee net derlanscht, wann ee mat Friemen an der ieweschter Halschent vum Land ënnerwee ass. Den Zweete Krich, deen eigentlech den 10. Septembre ’44 eriwwer war, dee war op eemol erëm do, massiv.
Hei zu Hamburg huet een ni en Iwweraschungsmoment. De Krich ass permanent präsent. Dëser Deeg esouwisou, well et gëtt erënnert, et muss erënnert ginn: datt Auschwitz befreit ginn ass, datt ugangs Mee d’Kapitulatioun – déi jo neierdéngs mat vill Verspéidung elo Befreiung genannt gëtt – 78 Joer hier war, datt d’Nazi-Machtergreifung 90 Joer hier ass. Net ze schwätzen vun de villen décke Bunkeren, déi nach ëmmer an der Stad dorëmmer stinn – de markantesten, de flappechsten ass jo deen beim – ausgerechent – St. Pauli-Stadion. Mee och Quartieren, déi zevill véiereckeg sinn an aus zevill rouden Zille bestinn – „an de roude Zillen“, dat war zu Bartréng e lieu-dit, wou d’Réimer en Tempel, e Pëtz gebaut haten – a bé, rout Zillen, déi bedäiten hei an der Stad ganz gär, datt ganz Quartiersen an de 50er Joeren erem hu misse nei gebaut ginn, well esou vill Bommen op d’Stad gefall waren. Gomorrha.
Esou ass dat hei: d’Nazi-Zeit an de Krich, déi laueren ëmmer, a wann anzwousch e Quartier mat schéine Jugendstil-Heiser steet, da steet een eben nach do, well soen: do ware keng Bomme gefall. Et ass een hei déi ganzen Zeit am Éisléker Wanter ’44-45.
An dëser Deeg war décke Besuch do: de britesch Kinnek Karel den 3. war an d’Ruine vun der Nikolai-Kierch gepilgert, alt erëm Commemoratioun.
A just an déi Kierch huet mech e pur Deeg duerno eng Frëndin geschéckt, do giff ein Luxemburger schwätzen. An engem Film, am Keller vun der Kierch. Dat huet ee seelen an dëser Stad, e Lëtzebuerger, deen eppes seet. An et ass net de JCJ op Duerchrees beim Rotary oder d’Desirée op der Telé.
Ech also an de Keller vun der Kierch. Do ass eng Ausstellung gelaaf. Sujet: Prisonnéier aus dem KZ-Neuengamme, déi 1943 gezwonge gi sinn opzeraumen, no de Bommen, an de Ruinen. Ech souz ganz eleng an enger Zort Krypta, e pur Camping-Still, e pur gebrache Kierchesténg, Message: Jojo, du bass hei an enger Ruin, an eben in Endlosschleife de Film KZ-Häftlinge im Bombenkrieg, 29 Minutten. No aacht Minutten dann de vertraute Lëtzebuerger Accent an e pur däitsche Sätz. Den eeleren Här huet e wäisst Hiem un mat enger Krawatt, déi längs rout a blo Sträifen huet – automatesch bréngen ech déi Farwen an déi richteg Reihefolleg. E sëtzt an engem Holz- a Lieder- a Nippes-Décor, dee mer vertraut – biergerlech Stuff – virkënnt. An et versteet een hien bal net. Ech spëtzen d’Oueren: „Und jetzt fängt das große Bombardement in Hamburg an… alles… auch in Neuengamme, schwarz, schwarz vom Brand, wo alles gebrannt hat. Und dann kommt der abends beim Appell, schreit der… ich brauch so viele Bombensucher... raus mit dem Luxemburger… dann sind wir mit dem Militär-Camion nach Hamburg“.
An dat war et da schonn, 50 Sekonnen, ech hu leider net alles verstan. Mä no him schwätze nach vill aner Leit. A wat déi erzielen muss ee sech an den Erënnerunge vum Lëtzebuerger och virstellen: Gestank, Hëtzt, liewensgeféierlecht Gekloters an de Ruinen, Phosphor-Bommen, bombes à retardement, déi op eemol explodéieren, Bommenentschärfer, déi keng Ahnung hate vun den Zünderen, un deene se hu missen hantéieren, verbrannte Mënschen iwwerall, d’Stad wier nëmme nach „ein Haufen Ruinen“ gewierscht, an deem si, déi gezwonge gi sinn opzeraumen, heiansdo Wertsaache fonnt hunn – déi hunn se missen ofliwweren a krute mat, datt d’Wiechter se an d’éigen Täsch gestach hun, oder déi hongreg Prisonnéier hunn an den zerbommten Heiser Iess-Saache fonnt, heiansdo nach ze iessen, awer dacks verbrannt a verkuelt. An d’Opraum-Aarbechte waren immens geféierlech, eng Häftlingsequipp: dat wieren ëmmer sechs Mann gewierscht, an déi wiere permanent ersat an erneiert ginn, ebe well der esouvill blesséiert gi sinn oder gestuerwen sinn. Stierfkommandoë quoi. 10 000 Prisonnéier hu missen opraumen.
Am Film schwätzen Franzousen, Norweger, Dänen, Tschechen, Ukrainer, Belsch, Israelinnen. An eben de Lëtzebuerger. Deem sei Numm, liesen ech am Ofspann vum Film ass: Emile Peters. Deen ech – zu menger Schan sief et gesot – bis dohinner net kannt hunn. Joergang 1920, spéider aacht Joer laang Chef vum Sekretariat vum Conseil National de la Résistance. Säi Leidenslaaf ass bal typesch fir eng ganz Rei jonk Männer. Si waren am Corps des volontaires, der Freiwëllegekompanie. Nom Nazi-Iwwerfall sollte si präisesch Zaldoten oder Poliziste ginn. Vill vun hinne goufen a Slowenien agesat, am Krich géngt sougenannte Partisanen. An eben do ass de Wehrmacht-Offizéier opgefall, datt der net genuch vun hinnen im Kampf gestuerwe sinn an datt si Kontakt mat de Partisanen haten. An de Nazi-Archiven steet iwwer si: Befehlsverweigerung a Wehrkraftzersetzung. Mat der Suite, datt der eng 70 vun hinnen duerch Prisongen a KZer gebeetscht gi sinn. Nacht-und-Nebel-Deportéierter. Eleng hei zu Hamburg, am KZ Neuengamme, waren der eng fofzéng aus der Fräiwëllegekompanie. De Mann aus dem Film, den Emile Peters, war zu Hamburg-Fuhlsbüttel am Prisong an eben am KZ Neuengamme.
An deem Hamburger KZ waren eng 106 000 Männer a Fraen agespart; 55 000 si gestuerwen duerch Executiounen, medizinesch Experimenter, Brutalitéiten, Honger, Krankheet, extrem haart Aarbecht an der Industrie an an der Rüstungsindustrie. An eben och beim Opraumen an de Ruine vun der Stad. An de nächste Wochen ass d’Operatioun Gomorrha 80 Joer hier. Eng ronn Zuel an da gëtt et Documentairen op Radio, Telé an am Netz. Ech si gespannt, ob déi, di hu missen opraumen, entschärfen, Verbrannter aus de Ruinen zéien, ob déi, di dat iwwerlieft hunn, och zu Wuert kommen. Ee vun hinnen ass den Emile Peters.