Lëtzebuergesch als Zweetsprooch

Um Enn vun der Ausbaustreck?

d'Lëtzebuerger Land vom 15.08.2014

An de wëssenschaftlechen Diskussiounen iwwert de Status vun eiser Sprooch ass ëmmer nees vu linguistesche Begrëffer Rieds, déi engem ufanks ganz selbstverständlech virkommen, awer, no weiderem Iwwerleeës, scho guer net méi sou onproblematesch sinn. Haut wëll ech nach eng Kéier op dee schonn traitéierte Begrëff vun der Sproochepolitik (d’Land, 09.05.2014) am Kader vun der Theorie vum Lëtzebuergeschen als Ausbausprooch zréckkommen.

An sengem geschichtleche Panorama iwwert d’Lëtzebuergescht: Ende der Ausbaustrecke in Sicht? (d’Land 20.12.2013) setzt sech de ­Fer­nand Fehlen fir eng volontaristesch Sprooch(e)politik hei zu Lëtzebuerg an. Se wier – sou seet hie ganz explizitt a senger Etude – e staark vernoléissegt Politikfeld, an dat wär bedauerlech, well déi lëtzebuergesch Ausbausprooch den ­definitive Wee vun enger vollwäerteger Kultur- a Schrëftsprooch ageschloen hätt.

Och wann de Fernand Fehlen ganz onpräzis mat de Begrëffer wildwüchsig gewachsen a sprach(en)politisch gefördert ëmgeet (erstaunlech ass besonnesch de Nullpunkt der Sprachenpolitik, vun deem hie fir d’Krichsjoeren 1941 bis 1946 schwätzt1), da muss een dach zouginn, datt Lëtzebuerg selbstverständlech eng Sproochepolitik brauch, awer datt et bestëmmt net duergeet ze soen: „Il suffit d’y croire.“ De Begrëff Sprooch(e)politik implizéiert zwar e Wëllen, deen ëffentlech muss duerchgesat ginn, mä och en Zil, dat sech kohärent an e Gesamtplang integréiert, deen um Enn muss realiséiert ginn. U sproochlechen Ziler feelt et zu Lëtzebuerg net. D’Kohärenz vum Ganzen awer léisst heiansdo ze wënschen iwwreg.

D’Gesetz vun 1984 ass bestëmmt en Zeeche vun enger staatlech-nationaler Sproochepolitik (déi ënner anerem op eng däitsch Kritik reagéiert). An den Ae vu ville Leit gehéiert et och derzou, datt d’Lëtzebuergescht an der Verfassung als Nationalsprooch verankert gëtt (d’Aktioun Lëtzebuergesch wéi déi aner Organisatiounen hu schonns hir Texter bereet). Mä dat huet dann nach weider Konsequenzen – op d’mannst déi, datt d’Lëtzebuergescht als Nationalsprooch net och an der Europäescher Union als Regional- a Minoritéitesprooch unerkannt ka ginn. Op engem Plakat wéi „Lëtzebuergesch = offiziell EU-Sprooch“ schéngt de sproochpolitesche Wonsch kannerliicht. Praktesch awer ass et eng Mesure, déi vill Geld an e ganze Koup lëtzebuergesch Iwwersetzer verlaangt fir een – am Fong – klengen, reng symbolesche Gewënn.

Wat d’Sproochen an der Schoul ugeet, brauche mer präzis Reformen an – an dat ass guer net esou einfach – adäquat Schoulmaterial a -personal2. Als Kollektivitéit wëlle mer méisproocheg sinn a bleiwen, dat ass sécher3. Awer misste mer net och, ausser dem Précoce an ausser de Klasse mat auslännesche Schüler, méi Zäit hiergi fir eis „Landessprooch“ méi a besser z’enseignéieren an an engems och d’Fuerderungen an den „Amts- an Zweetsproochen“ jee no de Studiegäng besser ze hierarchiséieren?

Schliisslech bleift ze bedenken, datt an de leschten 20 Joer de sproochpolitesche Wëlle säi Meescht a säi Bescht am Beräich vum Lëtzebuergeschen als Zweetsprooch erreecht huet4. D’Nationalitéitegesetz, de Congé linguistique, déi ganz Organisatioun vum Institut national des langues, dee formidabelen Effort vun de Lëtzebuergesch-Coursen uechter d’ganzt Land besonnesch fir déi auslännesch Matbierger kënnen nëmmen als groussaartegen Ausdrock vun enger méi bewosster wéi „wildwüchsiger“ Sproochepolitik opgefaasst ginn.

En zweete Begrëff, mat deem ech am Fernand Fehlen sengem Artikel net onbedéngt d’accord sinn, ass d’Theorie vum Lëtzebuergeschen als Ausbausprooch. Den Term selwer gëtt heefeg benotzt. Mat senge Composéen (Ausbauprozess, -strecke) an Niewendefinitiounen (Abstand-/Dachsprache, vollwertige Kultur- und Schriftsprache, Vollsprache) geet en zréck op den Heinz Kloss: Die Entwicklung neuer germanischer Kultursprachen von 1800 bis 1950 (1952). Nopeschsprooche kënnen, sproochimmanente Kriterien no, eegestänneg sinn: si ginn dann Abstandsprooche genannt. Awer aus geschichtlech-politeschen oder anere Grënn kënnt et och vir, datt eng Sprooch sech aus engem Dialekt-Kontinuum erausentwéckelt. Da gëtt se Ausbausprooch genannt.

Eis Sprooch wier sou eng Ausbausprooch, well si sech lues a lues „aus dem Varietätengefüge des Deutschen“ degagéiert hätt, fir sech zu enger vum (Neihéi)Däitsche verschiddener Sproochform weiderzeentwéckelen. Ausbau bedeit an deem Fall, datt d’Sprooch intern neie Grammatisatiouns- a Standariséierungs-Prozesser ënnerläit, mä och datt, extern a funktionell, hire Gebrauch sech op méi Medien a méi Beräicher ausstreckt. Dësen zweete Punkt – eng Sprooch, déi fir ëmmer méi Beräicher gebraucht gëtt – ass éischter e soziolinguistesche Volet vun der Theo-rie, den dem Soziolog Fernand Fehlen méi opfällt, wéi déi méi sproochwëssenschaftlech, reng linguistesch Komponenten.

Ouni Zweiwel spillt eis Sprooch haut am Land eng méi wichteg Roll. De Fernand Fehlen huet Recht, wann hie sech freet, ob mer net um Enn vun der Ausbaustreck vun eiser Sprooch (am Sënn vum Kloss) ukomm wieren. Mä wann hie schreift: Ende der Ausbaustrecke in Sicht?, dann heescht dat implizitt, datt d’Lëtzebuergescht um definitive Wee ass, fir eng vollwäerteg Kultur- a Schrëftsprooch, eng Vollsprooch ze ginn. – Grad dës Implikatioun stéiert mech an der Theorie vun der Ausbausprooch. Si huet prinzipiell den Nodeel, datt déi sougenannt Ausbausprooch mat hire Varianten ëmmer a Verbindung mam areal-linguisteschen Dialekt-Kontinuum gesi gëtt, wou se hierkënnt. De Bléckwénkel riskéiert also germanesch, wann net däitsch-kontrastiv ze bleiwen. Zu Lëtzebuerg brauche mer, menger Meenung no, eng aner Perspektive: Als aktuell Verkéierssprooch an eisem Land steet eis Sprooch am Abstand vum Standarddäitschen a vum Standardfranséischen. Si besteet am Fong aus engem autonomen Zeechensystem, dat synchron-strukturell analyséiert a presentéiert muss ginn, an dat ass haut gutt méiglech am Beräich Lëtzebuergesch als Zweetsprooch. Wat awer bedeite Begrëffer wéi Vollsprooch a vollwäerteg Kultur- a Schrëftsprooch fir eng kleng Sprooch an engem Land, dat par définition méisproocheg a multikulturell ass?

1 Cf. d’Land, 09.05.2014
François Schanen
© 2024 d’Lëtzebuerger Land