En Exkurs an de Walkampf

Frühstück

d'Lëtzebuerger Land vom 21.02.2025

Hien, sot de Noper, wollt dat maachen wat hien ze soen jidder Muere mécht: eriwwer bei de Bäcker goen a seng Bréidercher kafen. Bon, mee virdrun hat hien zur Fënster erausgekuckt. An dat, well seng Fra hien am Bett mam Ielebou an d’Säit getéckt hat a sot, hie sollt emol kucke, wat doiwwer lass wier. Virun der Bäckerei stoungen zwou – wéi soten se fréier zu Berlin – Wannen, also där grousser Policeween, mat deenen se vill Leit transportéiere kënnen.

Zwou Wannen stoungen also do, a seng Fra sot, do wieren och ganz komesch Geräischer gewiescht, wéi wann eppes futti gaang wier, décke Kaméidi quoi, wat do wuel lass war, Police a gebrache Saachen, et wéisst ee jo ni dëser Deeg. Mä op den zwou Wannen stoung net Polizei, do stoung „Zentrale Ausländerbehörde“. Guer net gutt, duecht de Noper, a war gespaant, ob hien do iwwer beim Bäcker eppes méi Geneeës géif gewuer ginn.

Katzenwäsche, hien hätt sech ugedoen, den Hond gefiddert a wier also wéi ëmmer eriwwer bei de Bäcker gaang. An hätt emol zeéischt gemierkt, datt déi zwou Wannen entretemps fort waren. An hien hätt sech du genéiert, fir mat der jonker Vendeuse hannert der Théik doriwwer ze schwätzen, hätt sech net getraut ze froen, wat dann hei lass war, gouf et e Polizeieinsatz an der Noperschaft, si hätte koppege Kaméidi héieren, an dann esou vill – nu jee – Ausländerbehördenpersonal. Hien huet also net gefrot, wat geschitt war, hat sech awer schonn iwwerluecht, dat weider ze erzielen, wat hien héieren a gesinn hat. Well bei der „Tagesschau“ vun der ARD, do huet hien e Kolleeg, en Techniker, an deem kéint een dat jo emol erzielen, an dee kéint dat dann un e Redakter weiderginn, dee kéint da recherchéieren, an da géif hien, de Noper, spéitstens owes an der „Tagesschau“ gewuer gi, wat a sengem Quartier lass war, Mueres fréi.

Wat hien dann haut wéilt, huet d’Vendeuse gefrot. „Drei Mühlenknacker“, sot hien wéi hien dat bal jidder Mueren seet, déi Knacker schmaachen him esou gutt, mä d’Vendeuse sot, Mühlenknacker hätten se haut keng méi, déi Flicke vun éinescht, déi vun der Behörde, déi hätten eng Dosen där Bréidercher kaaft.

Hä, sot de Noper, déi wieren an der Bäckerei gewiescht, dowéinst déi Wannen virun der Dier vun der Bäckerei? Jo, sot d’Vendeuse, déi hätte Frühstücksachen bei hier kaaft a wieren du weidergefuer. Déi wiere wuel grad vum Flughafe komm, vum Helmut-Schmidt-Airport, dee jo direkt hei ëm den Eck ass. A sou, sot de Noper, an hie wier sech sech e bëssen domm virkomm mat sengem Virwëtz a senge Spekulatiounen, dat wieren dann elo wuel där Zäiten, knapps steet „Ausländer“ op enger Wanne, schonn denkt een, et wier eppes geschitt, Messerpickereien, eng Attack mam Auto, Doudeger, nach méi medial a politesch Opreegung an Hetz.

Schéin, datt näischt lass war, sot hien zur Vendeuse, „Zentrale Ausländerbehörde“, do hätt hien sech Gedanke gemaach – an déi hätte just nëmmen him seng Knacker ewechkaaft, dajee alt. Jo, sot d’Vendeuse, mä seng Iwwerleeung wier guer net esou blöd, well déi mat deene Wannen, also deenen hiren Job wier et jo och, Auslänner, déi aus Däitschland ausgeflunn géife ginn, op den Airport ze bréngen an se an de Fliger ze setzen. Hm, duecht de Noper, also vläit eng Zwangsausweisung, mä kee Krawall, nix Kriminelles, a sot „Danke und schönen Tag noch“, a wéi en zur Dier geet, fält säi Bléck op d’Bild, déi se an der Bäckerei och verkafen. Dat mécht hien all Deeg, kuckt – seet hien – , wat de Klassenfeind schreift, wat d’Bild dann erëm titelt an hetzt, an och dee Muere war dat de Fall: grouss Buschtawen, Titel: „Ausländer begeht 30 Straftaten in 20 Tagen“, zu Lüneburg, wann hien sech richteg erënnere géif. An du wier hien eriwwer heem gaang mat sengen Ersatzbréidercher. An hätt dru geduecht, datt et vu sengem Haus aus bis op den Airport nëmmen e kuerze Foussmarsch ass, genee ee Kilometer, an op där Streck kéim ee jo laanscht déi Baracken, déi do nach stinn, wou wärend der Nazi-Zäit Zwangsarbeiter dran agespaart waren.

Vu menge knackege Bréidercher bis bei d’AfD an de „Vogelschiss in der Geschichte“ an der CDU hire Merz geet et nawell séier dëser Deeg, sot de Noper. Dat wier e Samschden de Muere gewiescht. Nomëttes wier hien dun demonstréiere gaang, mat 60 000 aneren. A jo, de Kaméidi vu Mueres – do hätt en aneren Noper Sperrmüll gehat, dee wier ganz fréi ofgeholl ginn, mat Karacho op de Camion gepucht ginn. Kee Fall fir d’„Zentrale Ausländerbehörde“.

nico graf
© 2025 d’Lëtzebuerger Land