Do sëtzt en, de klenge Bouf, dee vläit am éischte Schouljoer ass, a kuckt verschotert an de Fotoapparat vun der Lee Miller. E sëtzt op eppes dat ausgesäit wéi e volle Gromperesak, et kéinten awer och Kleeder dra sinn. De Bouf huet eng kuerz Box un, eng déck Jackett, e Schoulsak um Réck an eng Mutz um Kapp, déi mécht, datt hien eppes vun enger erféierter Fliedermaus huet. An nieft him steet eng Fra. Et muss een unhuelen seng Mamm, just datt déi ugedoen ass wéi eis Groussmammen nom Krich ugedoe waren, e schwaarzt Kleed an e Schiertech driwwer, schwaarz mat wäisse Punkten. D’Fra kuckt an d’Géigend, schéngt op eppes ze waarden oder ze hoffen, e Mantel an der lénkser Hand. An hannert dem Bouf gesäit een zwee Stroosseschëlter: riets geet et op Echternach an op Michelshof, lénks geet et op Luxemburg an op Konsdorf, 5 (KM). Dës Foto gëtt et nach eng Kéier, an engem anere Buch, de Wénkel vun der Kamera ass liicht anescht, de Bouf fänkt gläich u mat kräischen, d’Fra ass net op der Foto, et kann ee liesen, datt Echternach 9 KM ewech ass a Michelshof 3 KM. An et weess een ouni sous-titre, datt hei Leit op der Flucht sinn. An dësen, eisen Deeg, haut, mat esouvill Krich iwwerall erkennt een direkt, datt Mamm a Bouf hu misse fortlafe fir ze iwwerliewen. Am Zweete Krich, ewéi meng Bom en ëmmer genannt huet, de Nazi-Krich, deem seng Suiten haut nach iwwerall präsent sinn.
D’Fotografin Lee Miller – d’Protagonistin vum aktuelle Film – war an deem Krich ënnerwee, mat den Alliéierten, vun der Normandie hier, duerch Paräis, iwwer d’Elsass a Lëtzebuerg eriwwer an d’Reich, do op Buchenwald, spéider op Dachau. Zu München sutz si am Hitler senger Buedbidden op enger total gestallter Foto, eng ikonesch Foto aus dem Krich, déi net jidderengem gefält, mä se ass famous. D’Fotoe vum Bouf huet si gemaach, 1944, an der Iechternacher Géigend. Hieren Openthalt zu Lëtzebuerg spillt am Film iwwerhaapt keng Roll. Et gesäit ee just an enger Sequenz, wéi en Jeep an enger hiwweleger Landschaft, déi vaguement un d’Éislek erënnert, an Däitschland erafiert an duerno kënnt hiren Openthalt am KZ Buchenwald, wou si virun engem laangen Zuch steet, dee voll ass mat verhéngerte Mënschen. A wien eng vun de villen Ausstellunge gesinn huet, déi et an der Lescht, zum Beispill zu Hamburg, iwwer der Lee Miller hiert Wierk gouf, dee mierkt, wéi de Film eng Fotograféier-Situatioun no der anerer usteiert, eben bis dohinner, wou d’Fotografin mat hirer doppellënseger Rollei fotograféiert. D’Lee Miller huet deemools fir d’Moudzäitschrëft Vogue geschafft. Déi brittesch Editioun huet hier grujeleg Fotoen net publizéiert, déi amerikanesch awer schonns, wann och an engem klénge Format. D’Lee Miller, groussaarteg gespillt vum Kate Winslet, hat dowéinst décke Buttek mat der Cheffin vun der brittescher Vogue. An ass no deem wat se gesinn hat esou traumatiséiert gewiescht, datt hier Negativen nom Krich op engem Späicher verschwonne waren, wou hier Schnauer an hire Fils se spéider erëm fonnt hunn.
De Film iwwert d’Lee Miller heescht international Lee, tout court, leeft an Däitschland awer als Die Fotografin. De Film konzentréiert sech an der Haaptsaach op d’Fotografin am Krich, weist awer net, wéi aus dem schéine Model Lee d’Fotoreporterin Miller ginn ass. E weist leider och net wéi si, déi virun der Lëns vum z.Bsp. Edward Steichen stung, hannert de Fotoapparat koum; weist net, wéi si mam Man Ray zu Paräis gelieft an an der chambre noire geschafft huet, wéi hier Relatiounen an hier Léierjore mat a bei de Surrealiste waren. An de Film suggeréiert och nëmmen, wéi et hir nom Krich gaang ass. Do sëtzt eng berühmten eeler Fotografin, déi engem jonke Mann en Interview gëtt, an déi Fra sippt déi ganzen Zäit un engem – soe mer – Whiskey a fëmmt eng Zigarett no där anerer. Et ass bekannt, datt si stark traumatiséiert war duerch dat, wat si an de KZer gesinn hat. An England hat si trotzdeem e soziaalt Liewen, vill Inviteeën zum Beispill, déi si gebieden huet un der Preparatioun vum Iesse matzeschaffen. Kulinaresch war si do och éigestänneg aktiv an huet Rezepter erfonnt, eng Manéier kreativ ze bleiwen, ouni Glamour a Fotoapparat.
Nach esou eng Omissioun am Film: déi faméis Foto vum Ex-Model am Hitler senger Buedbidden war net déi eenzeg Foto, déi do gemaach ginn ass. Och hiere Frënd a Begleeder am Krich, den David Scherman, hat sech an déi Bidde gesat, an d’Lee Miller hat hien fotograféiert – Fotoen, déi ni berühmt gi sinn. An datt d’Lee Miller d’preisesch Nazi-Feinde carrément gehaasst an an hiren Artikelen attackéiert huet – interessant, mä och dovunner näischt am Film.
Den duerchaus feministesche, staarke Film weist, wéi eng Fra deemools huet misse kämpfen, fir sech an der extrem machistescher Krichssituatioun duerchzesetzen.
A Lëtzebuerg kënnt einfach net vir, schued. D’Becky E. Conekin schreift an hirem Buch Lee Miller Fotografin Muse Model, déi brittesch Vogue-Cheffin Whiters selwer hätt d’Lee Miller op Lëtzebuerg geschéckt: „Dort erfuhr Miller von den Gräueltaten, die sich während der Nazizeit in dem kleinen Land ohne eigene Streitmacht ereignet hatten: Intellektuelle, Lehrer und Rechtsanwälte waren als Verräter erschossen, alle Juden über Nacht deportiert worden.“ Vun deenen Deeg viru genee 80 Joer, vun der Fotografin hirem Openthalt am Land, géif ee gär nach méi Fotoe gesinn, vläicht gëtt et och déi anzwousch.