De 4. Juni ass am Lycée Michel Rodange an der Stad eng éischte Kéier e Premièresexamen am Fach „Lëtzebuergesch“ geschriwwe ginn. Dës Schüler ware Pionéier, déi sech seit der 3e dräi Stonnen an der Woch mat der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur befaasst hunn. Dëst wichtegt Evenement gouf vun de Medie gewürdegt: Den 21. Abrëll huet RTL et op der Tëlee annoncéiert an de 5. Juni huet de Radio 100,7 e Reportage diffuséiert. An dëse Bäiträg stoung d’Beherrsche vu Grammatik an Orthografie am Vierdergrond, an dofir ass et wichteg ze ënnersträichen, datt dës Dimensioun nieft der Literaturanalys an der kulturgeschichtlecher Exploratioun …
Lesen Sie weiter
Abonnieren Sie unseren Newsletter, um Zugriff auf alle unsere Artikel zu erhalten. Unterstützen Sie unabhängigen und qualitativ hochwertigen Journalismus.
Unsere Abonnementangebote