No enger Rei Kuerzgeschichtesammlungen an engem Roman fir Erwuessener fokusséiert sech d’Anja Di Bartolomeo zanter e puer Joer op Kanner- a Jugendliteratur an huet mat der Liv eng Figur an d’Liewe geruff, déi de Lieser elo schonn iwwer zwee Romaner – Koma 21 an Alive – an hirer Teenage a Young Adult Angst begleet. An engem änlechen Universum spillt och @ano.astra47, ee Stéck, dat d’Schrëftstellerin am Kader vun hirer Residenz als Hausautorin am TNL geschriwwen a fir d’Schreiwe wouvunner si sech op Temoignagë vu Jonker beruff huet. D’Prämisse vun @ano.astra47 sinn dobäi liicht surreal: Véier Jonker sinn an engem Dauercall agespaart – eng vun deene postmoderne Schläifen, déi net méi ophalen, an deenen ee sech verleeft an déi den Douglas Hofstadter a Strange Loops thematiséiert huet; en digitalen Dram – dee vun der definitiver Vernetzung vu jidderengem mat jidderengem, ouni Ënnerbriechung, eng quasi neuronal Verknäppung vu Synapsen, déi d’Fro no der mënschlecher Individualitéit am Zäitalter vun der digitaler Transparenz nei konfiguréiert –, dee lues a lues zum Albdram gëtt.
An dësem Call gefaange si véier Jugendlecher, déi all mat hire Problemer ze dinn hunn. Do wier d’Kayla (Noémie Ney), deem seng schwéier alkoholkrank Mamm em d’Liewen erschwéiert. Den Hugo (Felix Adams), deem säi Liewensparcours als brillante Mathematiker vum Papp wéi eng Gläichung ouni iergend eng Inconnue virgezeechent gouf – déi éiweg Parabel vum Bouf, deen dem Papp seng Dreem erfëlle soll. An de Leo (Nicolas Lech), deen esou vill stëppelt an trëppelt, fir vu senger Homosexualitéit ofzelenken. Si allen dräi hunn hir Geheimnisser, struewele mat der Erausfuerderung, d’Transitioun vum onsécheren Teenie zum selbstsécheren Erwuessene mat esou mann wéi méiglech Blessuren, Traumaen an Enttäuschungen ze iwwerstoen – dat an engem spéiden, digitale Kapitalismus, deen ëmmer méi no Leeschtung duuscht an ëmmer manner zeréckgëtt.
Ma wisou genee se an där Schläif gefaange sinn – ee Glitch an der Matrix, den Ufank vun enger Digitocratie? – verstinn déi dräi genee esou wéineg, wéi se begräifen, wien dat mysteriéist Astra (Anna Marie Schneider) ass: Wisou weess d’Astra esou vill iwwert si, wisou kennt hatt hir intiimst Geheimnisser? Och wann d’Onomastik kloer ze verstoe gëtt, dass d’Astra wuel an de Stäre liese kann: Wisou weess hatt vum Kayla senger Angscht, esou ze endege wéi seng Mamm, wisou gesäit et laanscht dem Leo seng Aggressioun, wisou weess et vum Hugo sengen Ambitiounen, säin Numm mat sengem berüümte franséische Schrëftsteller-Homonym an Aklang ze bréngen? Si seng Litaneien, déi munchmol a Richtung Self-Help-Bicher ginn, eng gutt gemengte Portioun Hoffnung an enger Welt, wou engem Kayla an engem Leo hiren Zynismus zum dominanten Discours ginn ass – fir eng Generatioun, déi sech hannert der postmoderner Ironie verstoppt, déi ganz Deckel a wéineg Mouk wëll sinn? Oder si se d’Manifestatioun vun engem Anja-Di-Bot-olemo, enger intrusiver KI, déi onermiddlech den Titel vun der Schrëftstellerin hirem drëtte Buch – Nicht zu spät – widderhëlt, an der Hoffnung, dass déi dräi endlech mierken, wat si zesummeschweesst – ee gemeinsaamt Erliefnis vun engem traumatesche Partyowend – a si an enger Optik vu Selbstoptiméierung hir Zweiwelen an Ängschten hannert sech loossen a solidaresch een no deem anere kucken?
Zentral fir dee Partyowend, an domat och zentral fir d’Stéck, sinn d’Lyrics vum Track Codex – mat dat schéinst vun den aacht Lidder, déi Radiohead op hirem bei Kritiker no Pablo Honey (1993) onbeléiftsten Album King of Limbs (2011) veréiwegt hunn. Ma eigentlech hätt een, fir de Weltschmäerz an d’Liewensmiddegkeet vun de Jonken auszedrécken, kënne bal egal wéi ee Song vum brittesche Quintett huelen. Well wann den Thom Yorke a Codex séngt: „Slight of hand/Jump off the end/Into a clear lake/No one around/Just dragonflies/Fantasize/No one gets hurt“, ass dat eigentlech eng kloer Reprise, an där Zort Autoreferenzialitéit, déi ee sech erlabe kann, wann ee Radiohead ass, vum Pyramid Song (Amnesiac, 2001), an deem den Thom Yorke schonn d’Bild vum Suizid via Erdrénken erwäänt: „Jumped into a river/What did I see?/Black-eyed angels swam with me.“
Der Liss Scholtes hir Inzenéierung dréit formal d’Spuere vu Monte Rosa, der jonker Metteuse en scène hir lescht Produktioun am Kasemattentheater, an deem d’Leeschtungsgesellschaft als liicht surreal Allegorie verdicht gouf, wou d’Entfriemung vum Individuum esou maximal war, dass d’Figuren, verstoppt ënnert décke Schi-Uniformen, sech deels net méi erëm erkannt hunn a quasi just aus dem Verglach mateneen hir ontologesch Legitimitéit gezunn hunn: Och hei ginn d’musikalesch Leitmotiver ëmmer nees ugespillt a relativ abrupt ofgebrach, als Metapher fir de séileschen Zoustand vun de Figuren – den Ufank vu Codex leeft vum Band oder gëtt vum Astra gesummt –, och hei ass den Zeenewiessel séier a gläichzäiteg elegant. Ma nieft dëser formaler Kontinuitéit gëtt et och semantesch Parallelen: @ano.astra47 kéint ee bal als de Stadium viru Monte Rosa liesen, een Ament, wou déi Jonk nach géint d’Glatbigele vun deem, wat si ausmécht, kämpfen, en Ablack, éiert d’Dampwalz vum Kapital alles platt mécht, alles nivelléiert: hei gëtt jugendlech Rebellioun, an de beschte Momenter vum Stéck, zu enger Systemkritik.
An The Game huet den italieenesche Schrëftsteller Alessandro Baricco d’Infantiliséierung duerch d’Smartphones ënnert anerem dorunner festgehalen, dass um iPhone all App duerch ee faarwegt Quadrat symboliséiert ass – esou hu mer, esou guer wa mer Transaktioune via Web Banking maachen oder d’Evolutioun vun der Bourse kucken, also eis dem finanziellen Eescht vum Liewen higinn, duerch déi faarweg Pastillen, op déi mer klicken, ëmmer den Androck, mir géife just spillen. D’Konditionéierung zur Infantiliséierung fänkt bei de Jonken un – wouwéinst d’Bünebild (Alex Gahr) och ganz däitlech um Videospill Q*bert inspiréiert ass, mat senger Pyramid u Quadrater, op deenen d’Schauspiller erop an erof hopsen, wéi wann dat alles, wéi et och an der Beschreiwung vum Stéck steet, just e Spill wier. Am Géigesaz zu Q*bert sinn awer all d’Quadrater gro-schwaarz – a se si ronderëm en zentrale Rechteck, dee mat Waasser gefëllt ass, opgebaut, fir all déi, déi dem Thom Yorke net gutt genuch nogelauschtert a verpasst hätten, wéi zentral hei d’Bild vum Sprong an d’Waasser ass.
Leider sinn d’Figuren dann awer och deels esou een- oder zweedimensional, wéi an engem Videospill, wat mat sech bréngt, dass et de Schauspiller hirem Tounfall e bëssen un Diversitéit feelt. Dat läit net un engem Manktem u Variatioun am Spill, ma wuel vill méi dorunner, dass d’Figure sech quasi eenzeg an eleng duerch hir Traumae kennzeechnen. Och stéiert heiansdo, wann och e gutt Stéck manner wéi an de Liv-Romaner, d’Diskrepanz tëscht de Referenzen an den Idiosynkrasien vun der Schrëftstellerin an der Sprooch vun de Jonken oder deem, wat d’Autrice sech als Sprooch vun de Jonke virstellt. Och wann dem Thom Yorke säi Weltschmäerz eng gewëssen Universalitéit huet an, duerch d’Berechenbarkeet vun den Algorithmen an d’Onberechenbarkeet vun de Jonken, Bands wéi Deftones op eemol en drëtt Liewen op TikTok kréien an domat een Amalgam tëscht dem Neischwätz vun de Jugendlecher vun haut an dem Vokabular vun de Millennials duerchaus legitim ass, wierkt d’Juxtapositioun vun de linguisteschen Universumen hei mat Momenter e bëssen zoufälleg. Et bleift een energescht Stéck iwwert d’Flemm vun de Jonken, eng intelligent Analyse vun den digitalen Espacen, an deenen d’Utopie vun enger totaler Verbonnenheet géint eng Dystopie vun der Humiliatioun ausgetosch gouf. p