Luxemburgensia

Lee däi Kapp a Rou

d'Lëtzebuerger Land du 07.01.2022

Pillem oder Këssen, Bettwenzeltier an Nuetseskapaden vum Roland Harsch ass e Buch, dem säi Cover scho verréit, wat drastécht. Op donkelbloem Fong wéi der déifster Nuecht kreest en Mobilé mat Pyjama, Schlofmutz, Scheefchen, verdreemte Planéiten a Galaxien an nach esou munch anerem, aus dem Dramland eriwwergedroenem Wonner.

Genee esou verdreemt sinn d’Texter, kuerz Geschichten, Gedichter a Bonmots an dësem Buch. Vill vun hinnen kreesen em d’Schlofen – oder éischter d’Net-Schlofen, em d’Schlofzëmmer an déi kleng Ritualer, déi eis beim Aschlo-
fen hëllefen. Déi anescht sinn, wann een an engem Fënnef-Stären-Hotel schléift, wou een all Dag eng Knippchen op de Nuetsdësch geluecht kritt an d’Zëmmermeedchen de Pyjama drapéiert, oder an engem Hostel ënnerwee op Santiago de Compostela; jee nodeem, ob mer eleng schlofen oder nieft aneren. Ob mir schnaarchen oder en aneren. Wat mer bemierken, wann mer wakereg sinn, wärend déi ganz Welt schléift. Heiansdo erzielen se witzeg Nuetseskapaden, déi wéi Dreem schéngen, esou chaotesch, gelongen oder erstaunlech wieren se daagsiwwer. Zum Beispill den Nuetsuruff, oder: Ass däin Hunn inkontinent? En Gespréich tëscht zwee Leit, déi net schlofe kennen, dat net méi duercher-neen a voller Mëssverständnisser, a gläichzäiteg kloer si kéint. Oder d’Fantasie vun der Uertschaft Nuetsmanescht, iergendzwousch an der Gemeng Pëtschent, wou een ni wierklech d’Sonn gesäit an d’Leit sech zu all Dages- an Nuetszäiten net „Moien“ soen, mee „Nuecht“. Oder lëschteg Gespréicher an der Koppel oder tëscht Friemen – vun allem ass eppes derbäi an dësem Mobilé, dat em een Thema kreest: d’Nuecht als deen Ament, an deem geschlof gi soll. Et si lëschteg, eescht, roueg oder nodenklech Geschichten, déi sech oft op Klengegkeeten an Detailer fokusséieren, mee eben zu dëser spéider Auerzäit matten an der Nuecht, wou alles ronderëm roueg ass an si Zäit hunn, Plaz a Raum anhuele kennen, den hinne soss vläicht net zoukéim, déi just an dëser Rou iwwerhaapt gehéiert kenne ginn.

Nieft dëse Këssen-Texter fënnt een Texter iwwer Reese mam Auto, Vëlo oder Fliger, an oft Geschichten iwwer Pannen. Heiansdo kennt et vir, wéi wann dës all kleng Gedankenübunge wieren, déi d’Gedanke beschäftegt an am Zong halen, wann alles drënner an driwwer geet. Wann näischt leeft, wéi et soll, sief et eng Pann mam Auto oder beim Aschlofe. Di sech an de Momenter vun der gréisster Kris en Ablack Zäit huelen, sech en Witz iwwerleeën oder eppes Klenges, Niewesächleches bemierken. An sou stellt een sech beim Liesen och d’Fro, ob dës Geschichten dann beim Aschlofe gehollef hunn. An ob net nëmmen, wéi fir eis, d’Liesen, mee och d’Schreiwen hëllefe kann. Ob vläicht dee Moment, an deem d’Texter ronn sinn an all Wuert déi richteg Plaz fonnt huet, all Wendung hire Schluss, all Raim säi Partner, den Text Ufank a Schluss, ob dee Moment och hëlleft, lasszeloossen, well eng Boucle zougaangen ass.

Den Auteur Roland Harsch ass 1951 gebuer, huet zu Tréier a Wien Germanistik an Anglistik studéiert. Hien war kuerz Pianosprof, duerno Däitschproff, schreift zënter 1989 Gedichter, Kuerzgeschichten a Parodien an huet zulescht Duda. Kurioses aus dem Rotstiftmilieu (2011), Rasch(t) Auer (2015) an Dat grousst Féissbuch (2019) erausbruecht, där hir Titele schonn de Goût fir Wuertwitzer verrode, deen och a sengem neie Buch Pillem oder Këssen den Toun ugëtt. Hien huet de Gëllene Schniewel beim 12. Saarländischen Mundartwettbewerb gewonn, 2001 de Prix Servais fir Laub und Nadel an 2015 de Lëtzebuerger Buchpräis fir Rasch(t) Auer.

Dëst Buch reit sech duerch seng Form gewëssermoossen an eng Rei vu Verëffentlechungen an, déi de klenge Formater tëscht de gréissere, längere Wierker vun etabléierte Lëtze-buerger Auteuren eng Stemm an eng Plaz ginn. Bonmots, Kuerzgeschichten vun just enger, zwou Säiten. Do falen engem dem Jérôme Jaminet säin Ein Wort in Esels Ohr oder dem Paul Rauchs sain Virons le virus ! an – och wann dëse sengem fragmentareschen a spronghafte Detail-Beobachtungen eng Figur an sou e gewësse roude Fuedem gëtt. Och dëst Buch mécht de Snippets vu sengem Auteur all Éier. An sou soll et och sinn, dass och kierzer Formater, d’Iwwersprongsproduktioune vun der Literatur, eng Plaz fannen, déi anscheinend souguer ze kuerz fir eng Literaturzäitschreft wieren. An Pillem oder Këssen kréien dës kleng Beobachtungen a Bonmots d’Rumm vun de flüchtege Gedanke virum Aschlofen, Wuertwitzer, déi engem op der Zong leien, oder Geeschtesbletzer. Se sinn net all staark, viller sinn immens kuerz, an dofir si gewass och viller bei hirer fladderhafter Gestalt bliwwen. Mam Roland Harsch, et sinn Iddien, déi nuets „wi Flantermais duerch d’Zëmmer fladderen“. Mee se funktionéieren trotzdeem, well een automatesch den offensichtleche Liesfloss unhëlt an d’Buch ebe just net chronologesch vun A bis Z liest, mee eran bliedert, bis een op een Text stéisst, un deem een hänke bléift, well d’Geschichte si präzis a lëschteg, op eng gewëss Manéier éierlech a flott, si si liicht. Et ass e Këssebuch – et dierf just net Gefor lafen, ënnert den aneren um Nuetsdësch ze verschwannen.

Roland Harsch: Pillem oder Këssen. Bettwenzeltier an Nuetseskapaden. Op Lëtzebuergesch. Guy Binsfeld 2021. 240 Säiten. 22 Euro

Claire Schmartz
© 2023 d’Lëtzebuerger Land