E psychologesche Portrait vum Liewen an engem Éisleker Duerf

d'Lëtzebuerger Land du 24.05.2024

Mir schreiwen d’Mëtt vum 20. Joerhonnert am klengen Duerf Kromburg, oder Kromber, engem „normalen Éisleker Duerf. Zweeavéierzeg Haiser, dovun eng Dose Bauerenhäff, dräi mat Brennerei. Eng Kierch, e Paschtoueschhaus, e Metzler, e Bäcker, e Schräiner, eng Molkerei, e Veräinsbau, eng Schoul mat der Gemeng uewenop. Dat war et schonn.“ Och, wann dëst Joerhonnert op der ganzer Welt vu groussen technologeschen a politesche Verännerunge gezeechent war, ass dovun nach net vill zu Kromber ukomm. Hei verleeft d’Liewe nach gréisstendeels wéi gewinnt, geschäfteg a buedestänneg, a gëtt voll a ganz vun der Aarbecht op den Häff an dem Alldag vun hire Bewunner ausgefëllt, där hir Bezéiungen a Chancen méi vun hire Familljegeschichten beaflosst gi wéi vun hiren Dreem a Wënsch.

De Roman Béischten hellt d’Lieserinnen a Lieser mat op en Tour duerch d’Stroossen, Stuffen a Familljegeschichten. Vrun allem awer fokusséiert en sech op d’Geschicht vum Anni Klinger a vum Felix Drengler, déi sech jonk matenee bestueden. Mee obschonn se sech vill erwaart hunn an Dreem fir hiert Zesummeliewen haten, klappt näischt dovun. Net nëmmen ass den Alldag zesummen anescht wéi erwaart, en ass och séier eriwwer, well de Felix am Zweete Weltkrich agezunn an a Richtung Russland geschéckt gëtt, wouropshin hien sech a Loft opléist. Well hie bleift och nom Krich verschwonnen, wärend seng Fra Anni, dat an der Tëschenzäit Mamm ginn ass, doheem ëmmer méi déif an eng Depressioun geréit. Aus senger Perspektive gëtt den Alldag am Duerf erzielt, an deem di grouss geschichtlech Verännerungen eng aner Roll spillen wéi an de Geschichtsbicher a sech op eng aner Manéier weisen.

Tëscht dëser op des Figure fokusséierten Haaptgeschicht erlaabt sech de Roman ëmmer erëm Exkursen an d’Liewe vun den anere Leit am Duerf a verzielt mat enger Grëtz Voyeurismus, aus der Perspektive vum allwëssenden Erzieler, vun hire Geheimnisser a Suergen – vun deem, wat sech hannert den zouenen Dieren op den Häff zoudréit. Vun deem, wat geschitt ass a verstoppt gouf, wouriwwer net geschwat gëtt. Sou gëtt aus der Geschicht vun dësen zwee jonke Leit séier d’Geschicht vun engem ganzen Duerf an de Joren 1942 bis 1949. Vun immenser Proximitéit, déi an den donkelste Stonne vum Liewen zu erdréckender Geheimniskrämerei féiert. Vun der Gefor, déi an esou enger enker, ageschwuerener Gesellschaft lauere kann, an déi onfräiwëlleg an zanter Generatioune fest verstréckt ass.

„Natierlech konnt hien sech erënneren. E wollt awer net. Da wier erëm alles bei em eropkomm. All Bauerenhaff hat seng eege Geschicht, déi guer net esou eege war, well se iwwerall d’selwecht ofgelaf ass. Et ass ëmmer drëm gaangen, d’Hektaren op d’mannst zesummenzehalen, wann net nach ze vergréisseren. Den Haff konnt nëmmen iwwerliewen, wann e genuch Ställ fir seng Béischten a genuch Scheierplaz fir d’Hee an d’Stréi hat. Wat hannert de Mauere mat de Mënsche geschitt ass, dat sollt och do bleiwen.“

2020 an 2021 hat den Auteur Jemp Schuster mat Bluttsëffer an Oureschlëffer eng Familljesaga an zwee Deeler erausbruecht, déi och am Norde vum Land spillt, an där hiren éischten Deel 2021 de Lëtzebuerger Buchpräis gewonnen huet. Och säin neie Roman Béischten spillt an dëser ländlecher Géigend, an zu där Zäit, zu där den Auteur selwer grouss ginn ass. Roueg erzielt, fokusséiert op d’Haaptfiguren, ass et e gelongene Portrait vun enger bestëmmter Zäit an iwwert den Alldag um Duerf, deem seng Awunner an Awunnerinne virsichteg, awer grëndlech analyséiert ginn.

Jemp Schuster: Béischten. Kremart Edition 2023. Lëtzebuergesch. 370 S. 25 €

Claire Schmartz
© 2024 d’Lëtzebuerger Land