Lëtzebuergesch Prepositioune

Op als Prepositioun

d'Lëtzebuerger Land du 28.10.2016

Mäi leschten Zoom iwwer de Gebrauch vun de lëtzebuergesche Prepositioune virun de Bezeechnunge vu Länner, Lokalitéiten a Géigenden huet mir e puer Kriticken abruecht. Bei der éischter geet et ëm d’Orthographie. Déi zweet betrëfft déi synchronesch Klassifikatioune vum Wiertchen op, an déi drëtt stellt d’Fro vu senger eventueller semantescher Analys.

1) Den éischte Reproche besteet doran, datt ech dem Wuert „Prepositiounen“ e franséischt Gesiicht ginn hunn (wéi am LOD), an net, no dem däitsche Muster, „Präpositiounen“ geschriwwen hunn (wéi zum Beispill op der Uni; cf. infolux.uni.lu/infodesk). Bon! Déi aktuell Orthographie erlaabt déi béid Schreifweisen.

Jo, ech weess: d’Schreifweis ass net de wichtegsten Deel vun enger Sprooch. Mee hei am Land ass d’Geschicht vun der offizieller Orthographie alt dach gelungen. Do gouf jorelaang iwwer déi „richteg an ideal“ Rechtschreiwung vum Luxemburger Wörterbuch (1950-1975) gestridden, a wéi déi bis am gesetzlechen, vum Alain Atten verfaassten Arrêté ministériel vum 10.10.1975 fixéiert war, do huet schonn eng Partie vu meescht manner geschoulte Schreiwerte vun enger „vereinfachter“ Reform gedreemt, déi de Conseil permanent de la langue luxembourgeoise dann och am Règlement grand-ducal vum 30.07.1999 eppes onwëssenschaftlech, ongeschéckt a chaotesch duerchgesat huet.

Och wann dunn am Texte coordonné1 vun 2003, an der Lëtzebuergesch Grammaire (Schortgen, 1. Oplo 2005-2006; 2. Oplo 2012) an am LOD2 probéiert gouf, déi ganz Orthographie ze vereenheetlechen, da muss een dach zouginn, datt den CPLL an d’Ministèren (Éducation nationale a Culture) bis haut net déi néideg Kompetenz a Synergien opbruecht hunn, fir d’Schreifweisreform koherent op en Enn ze féi-eren. Fäerte kann een, datt am Fong de Wëllen, d’Method an d’Autoritéit feelen, fir déi antiwëssenschaftlech, populär, heiansdo och populistesch orientéiert Soziopädagogik (Actioun Lëtzebuergesch) mat der nëtzlecher Didaktik (INL) a noutwenneger Praxis (vun de Schrëftsteller wéi J. Braun) a, virun allem, mat der absolutt néideger Wëssenschaft a Recherche (Luxemburgistik, Unien) auszegläichen.

2) Den zweete Virworf kënnt vun engem Kolleg, dee sech méi ëm de semantesche Kär wéi ëm d’Terminologie këmmert. Hie fënnt, ech hätt net schaarf genuch d’Adverb an d’Prepositioun op ënnerscheet, wéi dat traditionell an Dic-tionnairë gemat gëtt. Loosse mer mol den LWB (Bd. 3, S. 273-294) op der Säit (en ass voll Beispiller, eleng schonn d’Verbpartikel op- erstreckt sech iwwer 20x2 Kolonnen!), a kucke mer eis nëmmen dee relativ beispillaarme LOD un – wat, niewebäi gesot, an der leschter Zäit guer net esou liicht ass!

D’Adverb op ass op d’Prädikativfunktioun vun op (vs. zou)-sinn limitéiert mat dräi Nuancë vun „offen, geöffnet“/„ouvert, ne pas être fermé à clef, accessible“. Beispiller: D’Dier vum Schaf ass nach op. Komm eran, d’Dier ass op. Samschdes sinn d’Geschäfter bis sechs op.

Mee déi dräi Bedeitunge sinn am Fong nëmme global kontextuell Interpretatiounen. Keng Spur am Artikel vum Adverb- a vun der Verbpartikel op-, déi beim jeweilege Composé – zum Beispill opbauen, Opbau – mussen nogeschloe ginn: d’Sonn ass op, ech sti fréi op, ech gi bis (uewen)op. De Redaktere vum LOD ass do e Strukturfeeler ënnerlaf, deen dem Lieser eng detailléiert semantesch Analys vun op net grad erliichtert.

An da kënnt den Artikel iwwer d’Prepositioun op. Mäi Kolleg fënnt de formellen Opbau ganz diskutabel. Jee nom Kasus ginn ënnerscheet – 1) mam Akk./K1 oder Dativ/K2 (also als Wiesselprepositioun „direktiv“ vs. „lokativ“) eng raimlech Bedeitung vun „an, auf“/„contre, sur, en haut“. Beispiller: op eng/enger Bank, op d’/der Stir, op den/dem Dësch, op de/dem Bam, op d’/der Schëller; – 2) mam Akk. (K1) eleng ee Grupp vu fënnef Bedeitungen (2-7), déi am Fong kee gemeinsame semanteschen Nenner hunn, funktionell awer a modal (op Franséisch, op eng elegant Aart a Weis, op seng Fassong), direktiv-zilgerichtet (op Esch mat geographeschem Numm ouni Artikel; op d’Uni/d’Bank/d’Tankstell: Institutioun/Verwaltung/Etablis-sement) an aner3 Komplementer agedeelt sinn; – 3) mam Dativ/K2 eleng de leschte Grupp vun de Bedeitungen 8-10. Mee d’Beispiller weisen, datt an deem Grupp och den Akkusativ méiglech ass4.

Den Artikel – sou mengt mäi Kolleg – mécht keen Ennerscheed tëschen deem formellen Typ vum modale Grupp (op Franséisch, op eng elegant Aart a Weis) an der Struktur vum semantesch raimleche Prepositionalgrupp „Parameter“ + „Repère“ (cf. 1: op den/dem Dësch = Kontakt mat enger Fläch/Portioun vum Repère). Och d’Semantik vum Kasus (Akk./Dativ) an de Realitéitsberäich vum Membre-Repère (Raum, Zäit, Veranstaltung, Proportioun) sinn net explizitt ervirgehuewen.

3) Meng Positiounen, am Zoom vum 02.09.2016, sinn net grad déiselwecht. Semantesch sinn se verschidden. Funktionnell mussen d’Adverb op (d’Geschäft ass op), d’Verbpartikel op (d’Sonn geet op), an d’Prepositioun op ënnerscheet ginn, mee et gëtt och Verbpartikeln, déi fir gekierzt Prepositionalgruppe stinn: si ass op(gestanen), hie setzt den Hutt op (de Kapp), hien huet en Hutt op (dem Kapp).

Déi betraffe Realitéits- oder Bezeechnungsberäicher si bei der „modaler“ Prepositioun eng punktuell begrenzt „Manière de faire“ (2) oder e punktuellen Zäitpunkt (op e Sonndeg gebuer sinn: 10), eng raimlech Distanz (op 500 Meter schleefen: 6), e punktuell proportionelle „Broch“ (7). Hirersäits kënnen dat zilgerichtet a sta-tescht op a 5 an 9 + Veranstaltung (Fest, Kirmes, Hochzeit), a 4 an 8 + Institutioun/Verwaltung (Uni, Post, Tankstell) mat dem raimlechen op vun 1 an eventuell och mam 3. (mat geographeschem Numm ouni Artikel) gruppéiert ginn. Den Akk. (op de/d’) bedeit dann abstrakt déi „direktiv/zilgerichtet“ Relatioun (quo?) an den Dat. (lokal och om/um fir op dem) de „statesche Lokativ“ (ubi?).

Datt bei geographeschen Nimm ouni Artikel op + Akk. als Direktiv (vs. de stateschen zu + Dat.5) interpretéiert ka ginn, weist datt eng semantesch Analys vum Wiertchen op als Adverb a Prepositioun net onbedéngt vu konkrete raimleche Semen ausgoe muss.

1 cf. Schanen, F.; Lulling, J. (2003): Introduction à l’orthographe luxembourgeoise. Site du CPLL.lu
François Schanen
© 2024 d’Lëtzebuerger Land