Nominalgruppen

Zuel oder Artikel: Eent ass eent

d'Lëtzebuerger Land du 19.04.2013

Wéi kann, an engem Nominalgrupp, d’Zuel „1“ (eent) vum Artikel een /eng ënnerscheet ginn? Dës Fro ass mir ewell e puer Mol gestallt ginn. Spontan hunn ech a menger Äntwert allkéiers, niewent syntaktesche Critèren, och d’Betounung berécksichtegt. D’Zuel „1“ gëtt meescht betount an een/ee geschriwwen: Een Af mécht der honnert. Eemol ass keemol. Den indefiniten Artikel bleift onbetount a gëtt en/e ausgeschwat a geschriwwen: Esou en Apparat kascht en Heedegeld. D’Oppositioun „be­tountnet betount“ ass also e praktesche Critère an, wéi et schéngt, klappt en och dacks, fir zwou Funktiounen z’ënnerscheeden: déi vum Zuelwuert een(t) (dat d’Kategorie vum Numerus an notamment de Singular preziséiert) an déi vum Artikel (deen e cumuléiert Zeeche vun de verschiddenen Nominalkategorien : Singular, Indefinitheet a Kasus duerstellt). Semantesch gesinn awer – an dat wëll ech hei apaart ënner d’Lupp huelen – ass a bleift een(t) ëmmer nëmmen een(t).

D’Zuel „1“ (Feminin) huet eng onverännerlech Form eent/Eent. Wa mer als Kand Stëppches gespillt hunn, dann hu mer missen ufänke mat zielen: eent, zwee, dräi, bis zéng! An der Schoul awer – an dat ass haut meescht och nach esou – hunn d’Schüler eng Eent léiwer wéi eng Sechs. Gelungenerweis gëtt dëser Zuel „1“ am LOD (www.lod.lu) kee besonneschen Artikel virbehal. Eent gëtt do nëmmen – an dat ass ganz normal – lemmatiséiert als Indefinitpronom (eent vun hire Meedercher), grad wéi een, dat – an dat ass méi erstaunlech – och net als Artikelwuert unerkannt gëtt1. Dofir ginn am Online-Dictionnaire d’Elementer en (onbetount: en Heedegeld), eng (eng schwaach Bir, eng Plaz), engem, enger zwee Mol opgezeechent als onbestëmmten Artikel an als Pronom (Personalpronom: gehei en ewech, gëff en [=hinnen] eppes ze drénken an Indefinitpronom: eng vun hire Frëndinnen). De LOD schéngt also – wéinstens implizitt – unzehuelen, datt den onbestëmmten Artikel net betount ass, mä dës grammatesch Terminologie bleift flou, well et am Lëtzebuergeschen evident ass, datt et och klitesch Pronome gëtt, déi net betount ginn2.

Fest steet, datt déi betount een (ee) /eng an déi onbetount en (e) /eng, wann s’ en Nominalgrupp aleeden, ganz allgemeng als Artikelwierder opgefaasst kënne ginn. Dat heescht, datt hir éischt Funktioun (awer net onbedéngt hir eenzeg Funktioun) dora besteet, Informatiounen iwwert d’Nominalkategorië vum Genus, Numerus an der (On-)Definitheet ze ginn. Aus dësem Bléckwénkel kënne mer nëmme feststellen, datt d’Zuelwuert „1“ an de sougenannten onbestëmmten Artikel een /eng semantesch eppes mat de Kategorië vum Numerus (Singular) a vun der Onbestëmmheet (Indefinitheet) ze dinn hunn.

Ënner den Nominalbasisse gëtt et ee Klassifikatiounscritère, deen engersäits „zielbar“ Nomina an anerersäits „onzielbar“ Nominalelementer ënnerscheet. Déi éischt hunn eng Pluralform, déi allgemeng am Gebrauch ass; déi aner net3. Buch zum Beispill ass „zielbar“: ee Buchzwee Bicher. Gedold, Gold sinn „net zielbar“, an dat heescht, datt et keng Pluralforme mat Kardinolzuele gëtt wéi zwee Gedëlder oder zwee Gëlder, mä datt et ëmmer nach méiglech ass, am Nominalgrupp mat anere lexikaleschen Elementer eng quantitativ, qualitativ oder intensiv Nuance auszedrécken: wéi­neg Gedold/Goldpur/puert Gedold/Goldvill Gedold/Gold. Wichteg ass d’Observatioun, datt de Gebrauch vun een/eng meescht obligatoresch ass am Singular vun den „zielbaren“ Nominalbasissen: Buch ass kee vollstännegen Nominalgrupp; eréischt ee/e Buch (onbestëmmt: iergendeen, en x-belibegt) oder d’/dat/dëst Buch (bestëmmt) ass e kompletten Nominalgrupp. Am Plural gëtt dat – minimal – Ø Bicher (onbestëmmt a partitiv) an d’/déi/dës Bicher (bestëmmt), woubäi d’Zeechen Ø alle Kardinolzuelen an zielbare Quantore kann opposéiert ginn: Singular ee/e BuchPlural: Ø Bicher oder zwee/dräi… e puer/vill Bicher.

Een (en)/eng kann elo awer och mat „onzielbaren“ Nominalbasisse gebraucht ginn: Déi Fra do huet eng himmlesch Gedold! Dat war eng ganz batter Freed! Ass dat och net e(e) vill ze staarken Tubak? Bei „onzielbaren“ Nominalelementer geet normalerweis am Singular d’Basis ouni Artikel duer, fir e kompletten Nominalgrupp ze bilden: Ø Gedold/Gold. D’Bedeitung ass dann awer weder definit nach indefinit, mä partitiv. Déiselwecht partitiv Bedeitung huet d’Artikellosegkeet Ø jo och am Plural vun den „zielbaren“ Nomina: Ø Bicher (Franséisch: des livres). D’Grondbedeitung vun „Null“ (Ø = keen Artikel) schéngt also „partitiv“ ze sinn. Dëse Grondsignifié kann deem definiten d- géintiwwer gestallt ginn: Ø Gedoldd’Gedold, Ø Bicherd’Bicher.

A wat bedeit da schliisslech een/eent? Sief et an „zielbaren“ oder „onzielbaren“ Nominalgruppen – allkéiers weist een/eng op eng an déiselwecht Funktioun hin. Et ass do, fir een Exemplaire oder eng gewëssen Zort vun Exemplairen an enger Klass oder Serie vu Klassen (relativ Ënnerklassen4) auszewielen. Souguer wann et ëm Realitéiten oder Entitéite geet, déi eegenaarteg sinn (an esou een Eegennumm an Unikum ass Lëtzebuerg ganz bestëmmt!), huet een/eng dës Selektiounsfunktioun vun enger Ënnerklass: Ee räicht Lëtzebuerg ass besser wéi en aarmt! Dat hätt e Jean-Claude Juncker bestëmmt net ënnerschriwwen (= e Mann, e Premier wéi de JCJ)! Dësem Gebrauch vum Artikel e(e)n/ eng bei de Singulariatantum5 ka selbstverständlech keng „Méizuel“ géint­iwwer gestallt ginn.

Dat ass och de Fall an deene puer Ausdréck, wou een /eng bal figéiert ass: Wat fir eng Gedold huet deen! Wat huet dee mir fir eng Gedold! Wéi ee Verb passt bei wéi ee Bild ? Wat fir (eng) Blieder bräicht der dann? Wéi eng Liewensforme mussen da geännert ginn? Datt eng leschten Enns och gebraucht gëtt fir op en approximative (Sammel-)Grupp hinzeweisen, ass kee Wonner: eng zwanzeg Leit; si waren zu enger/hirer drësseg (= si waren ëm déi zwanzeg/drësseg).

Awer, an de lëtzebuergeschen Texter, sief et am Mëndlechen oder Geschriwwenen, ass net all „e(n)“ en Ausdrock vum onbetounten Indefinit­artikel. Am Saz: Mir fueren e Sonndeg op de Rhäin a mir kommen eréischt en Dënschdeg erëm, stinn e an en fir den onbetounte bestëmmten Artikel de(n)6.

Cf. Zoom op d’Sprooch: „Eent an zwee“
François Schanen
© 2024 d’Lëtzebuerger Land