Nationalitéit a Sprooch

Nationalitéit: E Glécksrad?

d'Lëtzebuerger Land du 25.03.2016

Net wäit vun den europäesche Grenzen – an och an Europa selwer – ginn d’Leit an d’Gesellschaften duerch de Krich, den Terrorismus, d’Aarmut a vill aner Liewensängscht gedirängelt: Eng Onmass Flüchtlinge gi vun doheem ewech an d’Friemd verdriwwen. Polykris herrscht a ville Länner a rabbelt ferm un de (Rechts-)Sécherheeten, déi doduerch och, op d’mannst zum Deel, a Fro gestallt ginn. Sou soll bei eis a kuerzer Zäit nees d’Nationalitéitegesetz geännert ginn. Ir ech op d’Modalitéiten ze schwätze kommen, sief mol fir d’éischt eng kuerz Geschicht skizzéiert, déi weise soll, wéi wichteg d’Staatsbiergerschaft an engem Familljen- a Mënscheliewe si kann, wann ee keng huet.

An der Mëtt vum 19. Joerhonnert ass mäi Grouss-papp mat senger Fra vu Freudenburg (bei Saarburg) iwwer Pirel (Perl) op Schengen komm. Do huet d’Famill sech bis 1890 mat siechzéng Kanner vergréissert, déi selbstverständlech net all doheem bleiwe konnten. Fir de Recensement vun 1895 (ee vun deenen, wou och d’Staatsbiergerschaft mat geholl gouf) waren d’Elteren an d’Kanner alleguerten nach am selwechte Stot agedroen an hir Staatsangehörigkeit gouf explizitt mat „Deutschland“ uginn. Mäi Papp (néng Joer al) gouf deemools nach mat dräi anere Bridder als „Schüler“ zum Stot gezielt.

Beim Recensement vun 1900, also fënnef Joer méi spéit, hat d’Situatioun sech geännert. De Grouss-papp war gestuerwen a véier Kanner stoungen op engem extra Blat, dat fir „aus der Haushaltung abwesende Personen“ virgesi war: Dräi dovu ware schonn eng Zäit laang op engem preiseschen Haff beschäftegt a mäi Papp war mat 14 Joer „Lern-/Laufbursche“ zu Metz a Frankräich. Sämtlech Kanner, déi doheem waren, haten d’Staatsbiergerschaft „Luxemburg“ zougeschriwwe kritt (mee „Preussen“ fir d’Groussmamm). Op dem zweete Blat waren déi véier „abwesend“ Kanner an éischter Linn ënner „Preussen“ ageschriwwe ginn. Dono gouf „Preussen“ einfach duerchgestrach a mat engem Fragezeechen ersat. Firwat gëtt leider net gesot. No Metz ass mäi Papp schliisslech als „Äis-Livreur“ zu Paräis gelant. Méi spéit ass en erëm heem op Schengen komm, huet sech do 1917 bestuet an eng eege „Paräisser“ Famill (dat ass eise Schengener Hausnumm) vu véierzéng Kanner gegrënnt.

Dat onerkläert „Nationalitéitsfragezeechen“ op der zweeter Fiche vum Recensement vu 1900 hat fir eis ganz Famill schwéier Konsequenzen. Weder „deutsch“ nach „preussisch“ – mer waren all „staatenlos“: mäi Papp (deen zu Schengen gebuer war) a meng Mamm (déi am däitsche Loutrengen op d’Welt komm war) wéinst dem fir eis ganz myste-riéise Fragezeechen, an d’Kanner wéinst hirem eege­ne Liewenswee am Ausland: Véier vu menge Monnie sinn ëm 1910 an Amerika ausgewandert a vu menger eegener „Paräisser“ Famill hu véier Jongen eng aner Nationalitéit wéi déi lëtzebuergesch missen ufroen. Ech war leider een dervun. Administrativ – dat muss ech zouginn – huet mer mäi laange Wee als „staatenlosen“ Student duerch Lëtzebuerg, d’Belsch a Frankräich (anerwäerts duerft ech net reesen, souguer net op de Rhäin) keen eenzegen zefriddene Souvenir hannerloos. Staatenlosegkeet a Staatenloser – esou eppes dierft et am internationale Recht vun haut guer net méi ginn!

Ëm 1900 wollt déi „jonk Natioun“ zu Lëtzebuerg sech fir d’éischt vun den Nopeschlänner ofgrenzen an hir Emigratioun, apaart an Amerika a Frankräich, bremsen. Wat d’Kategorie vun de Nationalitéitskritären ugeet (Alter, Residenzklausel a sou weider) huet sech am Fong kaum eppes geännert, ausser natierlech, datt mer haut an engem gënschtegen Immigratiounskontext sinn an d’Modalitéite mat den Applikatioune besonnesch am Gebitt vun de Sproochkenntnisser mat der sougenannter „Instruction civique“ fir d’Zesummeliewen an engem selwechte Staat onbedéngt noutwenneg sinn.

Selbstverständlech dierfen déi ënnerschiddlech Nationalitéitsweeër (droit du sang oder/an haut méi droit du sol, Abiergerung, Neiintegratioun, Optioun, a sou weider) net verwiesselt ginn. Mee bei der Debatt iwwer de Gesetzvirprojet Enn 2015 falen dach déi ganz iwwerspëtzte Positiounen op, déi am Fong net méi credibel sinn, trotzdem awer vu politesche Fraktiounen an/oder vun eenzelnen (minoritären) Experte widderholl ginn.

Eng Behaaptung, wéi „d’Nationalitéit huet näischt mat der Sprooch ze dinn“, huet an der globaliséier-ter Sproochesituatioun vun haut kee Sënn méi. Zwar gëtt et Lëtzebuerger op der Welt, déi kee Lëtzebuergesch kënnen, ganz bestëmmt och Lëtze-buerger, déi net déi dräi „langues usuelles du pays“ beherrschen (also, wéi de Fernand Fehlen et seet, net iwwer d’„compétence linguistique légitime du pays“ verfügen), an trotzdem duerch eng gesetzlech individuell Staatsbiergerschaft mam „Grand-Duché de Luxembourg“ verbonne sinn. Eng Nationalitéit kann net eleng als perséinleche Status ugesi ginn, si huet an engems och onbestridde kollektiv Viraussetzungen a Charakteristiken („Nationalidentitéiten“). Haut, no der Entwécklung, déi d’„Lëtzebuergescht“ matgemaach huet, kann een net méi vernënfteg bestreiden, datt, gesetzlech (de jure an de facto) d’Nationalsprooch vum Lëtzebuerger Staat d’Lëtzebuergescht ass.1

Elo gehéiert et awer zu eiser apaarter Sproochesituatioun, datt déi eng National- a Lokalsprooch, dat heescht d’Lëtzebuergescht, offensichtlech net duergeet fir all Kommunikatiouns- a Kulturbedierfnesser ze decken. Traditionell – an haut ganz sécher – ass de Grand-Duché de Luxembourg méisproocheg (Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch: d’Folleg ännert mat den Zäiten).2 Dat ass eng Tatsaach, eng empiresch Konsequenz vun der Geschicht (an an deem Fall ass se och „willkürlech“, wéi de Soziolinguist F. Fehlen et ëmmer nees behaapt3), déi awer och an engems zur Grondidentitéit vum Grand-Duché gehéiert.

Mat der Nationalitéit ass net nëmmen eng praktesch gesellschaftlech Integratioun am Spill, eng Organisatioun vun der Biergerschaft (citoyenneté, och iwwer d’Sprooochen an der Schoul), ee pragmatescht empirescht kollektiivt Zesummeliewen. D’Alternativléisung zum lëtzebuergesche Sproochentest, déi de F. Fehlen virgeschloen huet, gehéiert am Fong zu dëser organisatorescher Tendenz vum biergerlechen Zesummeliewen an zur Citoyenneté.4 Mat der Nationalitéit geet et awer och ëm dat, wat fir d’Land (an net nëmme fir d’Liewen am Land) typesch a konstitutiv ass.

1 Wat och ënner de Wierder „national“, „Natioun“ verstane gëtt!
François Schanen
© 2024 d’Lëtzebuerger Land