Ech hat mer eng Kéier iwwerluecht, ech wéilt an all Strooss a mengem Quartier ee kennen, a souguer léiwer nach: an all Strooss an op d’mannst engem Haus dobanne gewiescht sinn; Butteker, Restauranten a Caféë géifen net gëllen. Béides ass komplett onrealistesch, als Zilrichtung awer vläicht net verkéiert. Du weess eeben direkt méi, wann s de anzwousch dobanne waars, och wann dann nach ëmmer gëllt, datt an enger Stad méi Saache verstoppt si wéi een der gesäit, datt déi nei Schichten déi al iwwerdecken an datt een ni alles richteg liest.Vu mengem Balcon gesäit een haaptsächlech den dauerknaschtegen Daach vun …
Lesen Sie weiter
Abonnieren Sie unseren Newsletter, um Zugriff auf alle unsere Artikel zu erhalten. Unterstützen Sie unabhängigen und qualitativ hochwertigen Journalismus.
Unsere Abonnementangebote