Meyer, Roland: Eng Foto vum (Klëppel)Krich

Klëppelkrich am Kosovo

d'Lëtzebuerger Land du 07.06.2001

Eng Schoulklass prouft, fir en Theaterstéck opzeféieren. Do kréie se onverhofft en Neien: de Bujar aus dem Kosovo. An esou verzielt eent vun de Schoulkanner, de Philippe, an Eng Foto vum (Klëppel)Krich, wéi hien dem Bujar säi Frënn gët, wéi de Bujar besser Futtball spillt, a wéi d'Deborah ronderëms hie scharwenzelt. Ma och, wéi aner Kanner jalous op de Bujar sinn, a wéi déi Grouss direkt "de Jugoslawen" d'Schold fir en Abroch beim Elektriker ginn. Bis d'Police enges Mueres an aller Härgottsfréi de Bujar a séng Famill nees iwwer d'Grenz setzt.

Tëscht de Kapitele vun där Verzielung sinn d'Dialoger vum Theaterstéck agebaut, dat geprouft gët: et geet ëm eng Band Kanner, déi no enger Foto vum Klëppelkrich siche mussen. Esou ginn de Krich am Kosovo an de Klëppelkrich nieftenee gestallt, fir ze weisen, datt Krich iwwerall méiglech ass an iwwerall Leit kënne sinn, déi Hëllef néideg hunn. Wat dee Verglach politesch alles iwwer de Kosovo-Krich seet, geet vläicht iwwer de Kader vun engem Kannerbuch eraus...

De Roland Meyer, e Schoulmeeschter vun 38 Joer vu Konstem, deen eng Kannertheatertrupp leet, ma och Kabarä a Rockmusek mécht, huet däitlech d'Aktualitéit vum Enn vum Joer 1999 verschafft: d'Asylpolitik, déi mat der Operatiou Milano ëmmer méi kalhäerzeg gouf, d'Affär vun denen zwee jugoslawesche Schoulkanner, déi virun der Police fortgelaf woren, wéi se sollten iwwer d'Grenz gesat ginn, d'Leitsgespréicher iwwer Asylheemer an de Folklor ronderëms den 200. Anniversär vum Klëppelkrich.

Och wann ee mat Amenter net richteg weess, wouropser d'Geschicht dann elo erauslafe soll, geléngt et dem Meyer dach, fir se mat Klengegketen aus séngem egenen Alldag vun der Schoul lieweg a realistesch ze maachen. Hie probéiert, fir riicht eraus, ouni vill Gedeesems aus der Perspektiv vun engem Schoulkand ze verzielen. Just an zwou Szeene vu klengen Akzidenter geet en aus sech eraus a fänkt un, d'Detailer vun dene witzege Katastrofen openeen ze tiermen, datt engem Dronkenellen ausginn, esou wéi een dat beim Guy Rewenig gewinnt ass. Fir datt d'Lëtzebuergescht ethnesch propper bleift, trëllt een och emol iwwer e "Béchseschlëssel" (S. 29) an en "Uruffbeäntwerter" (S. 80).

De Roland Meyer nennt Eng Foto vum (Klëppel)Krich e "Kannertheater-Roman". Ob et elo wierklech e Roman ass, hänkt vun der Definitioun of. Wann hie Recht hätt, da wier et wuel deen éischte Kannerroman op Lëtzebuergesch.

Roland Meyer: Eng Foto vum (Klëppel)Krich. Illustréiert vum Renée Weber. Op der Lay, Esch am Lach 2000, 140 S., 295 Fr.

Romain Hilgert
© 2023 d’Lëtzebuerger Land